D'Attentat zu Solingen wier eng Attack op eis demokratesch Wäerter, esou den Inneminister Leon Gloden am RTL-Interview.

Nom Attentat zu Solingen gëtt bei eisen däitschen Noperen iwwer Konsequenzen diskutéiert. Ënner anerem d‘Unioun verlaangt méi eng strikt Migratiounspolitik a Grenzkontrollen. Mir hu beim Lëtzebuerger Inneministère nogefrot, wéi de Grand-Duché sech dozou positionéiert. Do bleift et dobäi, datt Kontrollen op de Lëtzebuerger Grenzen net gutt ukommen.

Wat zu Solingen geschitt wier, wier eng Attack op eis demokratesch Wäerter, seet de Leon Gloden am RTL-Interview. Natierlech géif no sou engem Evenement eng Sécherheetsdebatt entstoen. Et géif ee sech zwar net an däitsch Innepolitik amëschen, wat Grenzkontrollen ugeet, bleift et awer bei der Lëtzebuerger Positioun:

"Mir hunn um EU-Niveau Reegelen. A mir hunn och ëmmer als Lëtzebuerg eebe ganz staark dofir plädéiert, datt d'Reegele vun de Schengener Verträg agehale ginn. Mir hunn ëmmer gesot, Baussegrenze vun der EU musse staark kontrolléiert ginn, fir datt d'Bannegrenzen net musse kontrolléiert ginn."

Sollten et Changementer bei de Grenzkontrolle ginn, géif Lëtzebuerg de Kontakt mat Berlin sichen:

"Ech wäert dann, nodeem dat an der Regierung ofgeschwat ginn ass, sécherlech nach eng Kéier mat der Madamm Faeser schwätzen, wéi ech dat gemaach hunn, wéi d'Futtballeuropameeschterschaft war."

Dem Leon Gloden no géing den neien Asyl- a Migratiounspak mat verschäerfte Mesurë Verbesserunge bréngen, notamment wat Transferten am Kader vun der sougenannter Dublin-Prozedur ugeet.