Am Laf vum Dënschdegmëtteg ass et op eise Stroossen zu zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierte komm.

Um 13.24 Auer hate sech zu Esch en Auto an e Moto ze pake kritt. D'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Esch waren hei op der Plaz.

Kuerz viru 16 Auer ass dann zu Dummeldeng e Cyclist gefall. D'Stater Ambulanz a Pompjeeën an de Samu aus dem Zentrum waren am Asaz.