Gemeng Beetebuerg mécht Plainte géint Kosmetikfirma
Viru knapp dräi Wochen ass et zu Beetebuerg an der Industriezone Wolser zu engem Brand komm. Dat bei der Kosmetikfirma Firma "International Lacquers".
Déi gréng Schäffin Josée Lorsché hat um Bord vun de Läschaarbechten annoncéiert, datt ee well länger Problemer mat der betraffener Firma hätt an d'Gemeng Plainte wéilt maachen. Déi ass elo eraus. D'Entreprise weist iwwerdeems all d'Reprochen zeréck a gëtt der Gemeng d'Schold.
Zanter 40 Joer gëtt et d'Firma "International Lacquers" zu Beetebuerg an op d'mannst 20 Joer läit se mat der Gemeng am Clinch. Elo ass d'Situatioun eskaléiert. D'Gemeng huet viru ronn zwou Wochen ee Chantier um Site vun der Entreprise gestoppt a Plainte gemaach. Dat, well zanter 2014 ëmmer nees Bauaarbechten ouni Autorisatioun duerchgefouert gi wieren, sou den CSV- Schäffen Jean-Marie Jans:
"Wann d'Gemeng gefrot gëtt, fir eng Baugeneemegung auszestellen, dann ass se jo iwwert déi Demande a Kontakt mat der Entreprise. D'Gemeng freet da Mol Dokumenter no a gëtt dann entweder eng Baugeneemegung oder gëtt se net. Wann d'Gemeng se net gëtt, dann hätt d'Gemeng natierlech gären, datt dat och respektéiert gëtt, an datt net hannert hirem Réck gebaut gëtt, wat se awer leider huet musse feststellen."
Déi Problemer wieren, wéi gesot, alles anescht ewéi nei. Zu Beetebuerg besteet dowéinst am Dossier "International Lacquers" Unitéit tëscht der Majoritéit an engem groussen Deel vun der Oppositioun, wéi och aus dem Gespréich mam fréiere Buergermeeschter an aktuellem LSAP-Conseiller Roby Biwer ervirgeet:
"Mir waren zwee, dräi Mol op der Plaz, mir hu se somméiert, sech konform ze setzen. Dat ass menges Wëssens - dat ass awer lo scho bal 20 Joer hier - och ëmmer rëm gemaach ginn, mee virun allem après coup, nodeem datt eppes geschitt ass. Ech fannen dat net gutt, och aus der Perspektiv vun haut. An dofir sinn ech och ee Sympathisant vun där Plainte, déi lo gemaach ginn ass."
Ma et geet net just ëm Aarbechten, déi ouni Autorisatioun duerchgefouert goufen, mee d'Gemeng reprochéiert dem Betrib och, reegelméisseg d'Diddelenger Baach ze verknaschten. Dozou heescht et vum DP-Schäffe Gusty Graas:
"Dat sinn diffus Pollutiounsquellen, dat heescht also, datt den Auteur vun der Pollutioun net ëmmer bekannt ass, mee mir wëssen awer, datt och 'International Lacquers' do munchmol derzou bäigedroen huet. Et sinn och schonn eng Rei Analyse vum Reewaasser gemaach ginn, déi ganz kloer bewisen hunn, datt munchmol eng ze vill héich Konzentratioun vu Solvant do dra wier. Si kruten ageschriwwe Bréiwer, et ass also ëmmer rëm drop higewise ginn, datt Efforte misste gemaach ginn. Da sinn och Problemer mat de Wannen, déi nach ëmmer net richteg geléist ginn."
De Jean-François Harpes, CEO vum Grupp "IL Cosmetics", zu deem International Lacquers gehéiert, weist d'Reproche via Telefon zeréck. Et wier just viru fënnef Joer eng Kéier ee Mëttel, dat am Lipgloss verschafft gëtt, ausgelaf, doduerch hätt awer keng Gefor fir d'Gesondheet bestanen. Wat d'Aarbechten ouni Autorisatioun ugeet, esou wieren déi fir d'Mise en conformité néideg a vun de staatlechen Autoritéite gefuerdert gewiescht. Ma et hätt ee schonn zanter 10 Joer vun der Gemeng keng Äntwerte méi op Courriere kritt. Déi Gemengeresponsabel hätten och schonn e puer Mol a Reunioune gesot, si wéilten, datt d'Entreprise hir Dieren zu Beetebuerg zoumécht. Dat hätt een awer nach esou bal net Wëlles.
Op Nofro hin huet sech och den Ëmweltministère an dëser Affär geäussert:
"Am Mee 2024 war d’Ëmweltverwaltung um Site fir de Commodo vu 'Luxcos' an "International Lacquers" ze kontrolléieren. Dobäi goufen e puer Verstéiss géint hir Autorisatioun festgestallt.
Nieft enger Rei klengerer Constaten, wou et virun allem drëm geet, dass d'Firma hirer Informatiounsflicht géintiwwer der Verwaltung net nokomm ass, gouf och festgestallt, dass um Site fir d'Firma Luxcos eng weider Produktiounslinn gebaut gëtt. Fir déi domadder verbonnen Établissements classés konnt d'Firma awer net déi néideg Autorisatioune virweisen.
Op Basis dovunner ass Ugangs August eng Suspensioun vun dësen Aktivitéiten decidéiert ginn. Säit der Visitt am Mee an dem dorops follgenden Austausch mat de Verantwortleche vun 'International Lacquers', ass en Dossier fir den Amenagement an d’Exploitatioun vun elektreschen Transformateuren bei der Ëmweltverwaltung agereecht ginn. En Dossier, fir déi geplangte Produktiounslinn, ze autoriséieren ass awer nach net bei der Ëmweltverwaltung agereecht ginn.
Opgrond vum rezente Sinister waren déi lescht Woch Agente vun der Ëmweltverwaltung zesumme mat der Waasserverwaltung op der Plaz, fir de Site ze kontrolléieren a sech d’Ausmooss an eventuell Ëmweltimpakter duerch de Sinister genee unzekucken.
Duerch de Brand sinn och Deeler vun de besteeënden Autorisatioune vun International Lacquers caduque a mussen, am Kader vum Neesopbau, nei ugefrot ginn. Säitens eventuellen Ëmweltpollutiounen duerch d‘Austriede vu Läschwaasser ass geplangt, weider Analysen ze fuerderen, fir dës méi genee ze evaluéieren a ggf. Sanéierungsaarbechten a Gang ze setzen.
Bei dëser Geleeënheet gouf och gekuckt, ob sech un de rezent ausgestallte Baustopp (déi uewe genannte Suspensioun) gehale gouf. Keng weider Bauaarbechte goufen deen Dag festgestallt an den aktuelle Stand vun den Aarbechte gouf dokumentéiert. Weider Kontrollen heivunner si geplangt. Obwuel d'Firma mëttlerweil en Dossier fir elektresch Transformateuren agereecht huet, ass fir déi betraffen Etablissementer, fir déi de Baustopp gëllt, nach keen Dossier agereecht ginn. D'Suspensioun bleift weider bestoen, bis déi entspriechend Elementer geneemegt sinn."