No engem Akt vu Vandalismus ass e Wunnkomplex mat Gemenge-Wunnengen zu Jonglënster fir laang Zäit net bewunnbar.

Vun den néng Appartementer si 6 Stéck vum Schued betraff. Ma wat war geschitt? Wéi de Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries erkläert, hunn Onéierlecher sech an der Nuecht vum leschte Mëttwoch op de leschten Donneschdeg Zougang zu de Wunnenge verschaaft. D'Lavaboen an de Buedzëmmer goufe verstoppt an d'Krinn opgedréint. Dat mam Resultat, dass d'Waasser an d'Maueren d'Biedem an d'Plaffonge gezunn ass. Doduerch sinn d'Dieren opgequollen an a verschiddenen Appartement gouf d'Lëftungsanlag beschiedegt.

Eigentlech war de Chantier an der Endphas an d'Familljen sollte vum 1. Oktober u kënnen an d'Wunnengen eran. Dat ass elo net méi méiglech.

Op wéi vill de Schued sech chiffréiert wier nach net gewosst an och net, wéi laang et dauere wäert en ze behiewen. Ënnert anerem muss neie Parquet geluecht an et musse nei Dieren agesat ginn.

Net den éischte Fall vu Vandalismus an de leschte Méint an der Gemeng. De Buergermeeschter schwätzt vun engem roude Fuedem, deen een erkenne géif. Et wéist een awer net wien derhannert stécht, ma et wier an all de Fäll Plainte gemaach ginn.