An dräi Fäll hat d'Police es e Freideg mat Automobilisten ze dinn, déi net méi kapabel waren, hir Ween riicht op der Strooss ze halen.

Den éischte Fall vun Alkohol um Steier war e Freideg de Mëtteg géint 13 Auer. Der Police gouf en Auto gemellt, dee op der Opfaart Mënsbech fir op d'Tréierer Autobunn a Schlaangelinne gefuer ass. D'Automobilistin konnt kuerz drop ugehale ginn. Bei hir war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn. De Parquet huet dann och de Won saiséiere gelooss.

Eng änlech Fuerweis dann dräi Stonne méi spéit zu Konsdref. Och hei war de Peegel vun der Autofuererin ze héich an de Permis gouf provisoresch agezunn.

Géint 21.30 Auer war dann en Auto tëscht Bollenduerf an Iechternach am Zickzack ënnerwee. Och d'Luuchten hat de Mann um Steierrad net ugemaach. Zu Iechternach selwer gouf hien dunn ugehalen an de Permis gouf wéinst dem Alkoholpeegel agezunn.