E Proprietär hat géint eng Decisioun vun der Gemeng Esch geklot a krut virum Verwaltungsgeriicht Recht.

D‘Stad Esch geet net an Appell géint en Urteel vum Verwaltungsgeriicht iwwert Logements intégrés. Fir eng 4.000 Haiser am Zentrum vun der Stad war et bis viru Kuerzem verbueden, eng sougenannt "Einliegerwunneng" doran z‘amenagéieren. Dogéint hat awer ee Proprietär geklot a Recht kritt. D‘Stad Esch huet dann elo decidéiert, dëst Urteel z‘acceptéieren.

Déi lescht Jore wiere ganz wéineg där Ufroen erakomm an allgemeng géif et och kaum Demande fir an dësen Haiser nach eng separat Wunneng z‘amenagéieren, esou déi Responsabel vun der Gemeng. Deemno wier d‘Verbuet net onbedéngt néideg fir dës Haiser als Eefamilljenhaiser z‘erhalen.