D‘Geriicht annuléiert d'Escher Verbuet vu sougenannten Einliegerwunnengen am Stadzentrum. Gemeng kann nach an Appell goen.

Reportage vum Maxime Gillen

An engem Eefamilljenhaus kann een eng sougenannt Einliegerwunneng amenagéieren. Dat ass gesetzlech festgehalen an däerf och net vu lokale Bebauungspläng verbuede ginn. Dat huet d‘Verwaltungsgeriicht rezent decidéiert. Zu Esch war virun e puer Joer awer decidéiert ginn, dass an e puer Dausend Haiser am Stadzentrum keng där Logements intégrés dierfte geschaaft ginn. E Verbuet dat elo vum Geriicht gekippt gouf. 
 
Eng sougenannt Einliegerwunneng ass eng ofgetrennte Wunneng mat Buedzëmmer, Kichen a separater Entrée, déi an engem Eefamilljenhaus integréiert ass. Am Prinzip ass et dann och de Proprietär vum Haus, deen am Haaptdeel vum Haus wunnt an déi ofgetrennte Wunneng verlount. 
 
Am Escher PAG, also dem allgemenge Bebauungsplang, respektiv am PAG Quartier existant ass awer virun e puer Joer festgehale ginn, dass dat fir eng 4.000 Haiser am Zentrum vun der Stad net erlaabt ass. An dogéint gouf geklot. 

Risiko vun ze grousser Belaaschtung fir d‘Infrastruktur

D‘Iddi fir dës Optioun plazeweis ze verbidde war, fir ze verhënneren, dass déi bestoend Haiser zerstéckelt géifen, ze vill Leit op enkem Raum liewen an doduerch esouwuel déi sozial Mixitéit géif leide wéi och d‘Infrastruktur ze staark belaascht géif ginn, esou de grénge Schäffe Meris Sehovic „D‘Grondiddi ass ganz einfach: sécherstellen, dass mir Eefamilljenhaiser zu Esch behalen, déi kënnen abordabel si fir jonk Famillen an op där anerer Säit sécherstellen, dass mir de gewuessene Stadkär vun Esch virsiichteg a kontrolléiert entwéckelen.“
 
D‘Argument vun der Abordabilitéit léisst d‘Oppositioun net wierklech gëllen. „Et geet jo net drëm aus engem Haus Appartementshaiser ze maachen, mä fir bei Leit ze wunnen. Dat ass jo am Fong d‘Iddi. A fir deen, deen déi Offer do unhëlt, ass dat jo generell méi bëlleg, wéi wann en sech e Studio hëlt“, esou de Steve Faltz vun der LSAP. 

Geriicht decidéiert op Basis vun enger Definitioun

D‘Geriicht, dat d‘Verbuet vun der Escher Gemeng gekippt huet, huet sech mat dëse Froen awer guer net beschäftegt. Hei ass et just dorëms gaangen, dass en Eefamilljenhaus iwwerall am Land d‘selwecht muss definéiert sinn. An dozou gehéiert eben d‘Méiglechkeet esou e Logement intégré z‘amenagéieren. 
 
Op der Escher Gemeng ass een nach net sécher, ob ee wëll Recours géint dëst Urteel maachen. Dat misst elo mol nach evaluéiert ginn, esou den CSV-Buergermeeschter Christian Weis. „Mir sinn am gaangen dat alles z‘analyséieren, wat fir en Impakt dat doten Urteel op déi aner Reglementatioun huet. Mir sinn am gaangen z‘evaluéieren, wat dann elo tatsächlech d‘Zuel ass vu Wunnengen, déi tatsächlech kéint entstoen am bestoende Raum.
 
D‘Oppositioun versteet dogéint net, firwat de Buergermeeschter iwwerhaapt nach doriwwer nodenkt. Dem Steve Faltz no wier et net um Bebauungsplang ze reegelen, wéi d‘Leit sollen zesummeliewen. 

Buergermeeschter wëll beim Logement Qualitéit a Quantitéit

Derbäi kéim, dass et eng ganz Panoplie u Reegelen a Standarde ginn, déi bei engem Logement intégré mussen agehale ginn. Eleng déi géifen dofir suergen, dass kleng Eefamilljenhaiser net zerstéckelt géifen, fënnt d‘Oppositioun. 
 
Den Escher Buergermeeschter Christian Weis bezweiwelt iwwerdeems, dass d‘Oppositioun sech am Fong mam Probleem beschäftegt huet.

Ech si mir net sécher, ob d‘Oppositioun sech schonn der Komplexitéit vun dëser Decisioun bewosst ass an dat schonn esou an allen Elementer iwwerluecht an diskutéiert huet.“ Bei der Logementsproblematik géif et jo net nëmmen dorëms goe méi Wunnengen ze hunn. „Et ass och eng Fro vun der Qualitéit vun de Wunnengen, déi mir hunn, an et ass eng Fro vun der Accessibilitéit vun de Wunnengen, déi mir hunn.“