"Schwätz mat" oder net?
© Tom Zeimet / RTL
D’Ressort-Ministesch Martine Deprez huet de Site presentéiert, op deem sech de Grand public un der Debatt iwwert de Pensiounssystem ka bedeelegen.
"Debatt" ass awer ze relativéieren - um Site schwätzmat.lu kann een an ee Formulaire mat maximal 500 Zeechen ausfëllen an ofschécken. Do muss ee seng Meenungen, Iddien, Reformvirschléi bal esou kuerz faassen, wéi en "Tweet".
Dës Beiträg ginn och net telquel publizéiert, esou datt de Public ënnert sech kéint interagéieren. D’Martine Deprez huet Dateschutzgrënn uginn, ma um Site ginn d’Leit aktuell guer net gefrot, ob se d’accord sinn, datt hire Beitrag publizéiert gëtt. Den Dateschutzprobleem ass also an de Site agebaut. Zu engem spéideren Zäitpunkt géifen d’Virschléi, déi ee bis Enn November, wärend der sougenannter Consultatiounsphase kann ofginn, a syntheetiséierter Form verëffentlecht, esou d’Martine Deprez.
Ma parallel féiert d’Ministesch Gespréicher mat verschiddenen Intressevertrieder, wéi de Gewerkschaften, dem Patronatsverband UEL, der Assurancëassociatioun Aca, dem Nohaltegkeetsrot, der Studentenassociatioun Acel, der nationaler Schülerkonferenz, de Bauereverbänn an dem nationale Rot fir déi ëffentlech Finanzen (CNFP). Dobäi fält op, datt nach ëmmer keng Fraenorganisatioun invitéiert ass, obschonns d’Fraen däitlech méi niddreg Pensioune kréien. De Contenu vun dëse Gespréicher géif am Accord mat de Gespréichspartner verëffentlecht ginn - och do gëtt also gefiltert, wéi eng Messagen no bausse ginn.








An enger zweeter, sougenannter "Dialogphas" kënnen interesséiert Biergerinnen a Bierger dann um Site thematesch Questionnairen ausfëllen.
Parallel dozou sollen am Fréijoer d’nächst Joer Expertegruppen iwwert déi Sujete beroden. Nodeems d’Ministerin als éischt gesot hat, ënnert dësen Experte wieren d’Deputéiert ze verstoen, huet si herno korrigéiert, domat wieren d’Mataarbechter vun der IGSS oder vu Statec oder Liser an Deputéiert gemengt.
Iergendwann 2025 steet dann am Zäitplang en ëffentlecht Ofschloss-Evenement fir déi breet Debatt iwwert de Pensiounssystem.
Gëlle Reformen och fir Staatsbeamten?
Op d’Fro, ob eventuell Reforme fir de Régime général och géife fir de Régime spécial vun de Staatsbeamte gëllen, sot d’Martine Deprez, si kéint sech net virstellen, datt d’Resultater vun deem ganze Prozess sech just géifen op de Régime général applizéieren. Der Fro, ob och d’Leit aus dem Régime spécial transitoire missten eventuell mat Kierzunge rechnen, ass d’Martine Deprez ausgewach: "Ech sinn net fir de Régime transitoire zoustänneg. Deen ass 1999 en place gesat ginn. An deen ass 2012 net ugepak ginn.”
Nom Hiwäis, datt si am Joer 2024 an der Regierung wier, an d’Froe sech op d’Situatioun elo géinge bezéien, sot d’Martine Deprez zum Sujet Spezialregimmer vun de Staatsbeamten: "Mir sinn elo an enger Consultatiounsphas, wou wann d’Leit majoritär der Meenung sinn, datt do driwwer muss geschwat ginn, da wäerte se dat jo dann och matdeelen. An da musse mer, wa mer Conclusiounen zéien, eis iwwerleeën, wéi mer dann elo am Joer 2025 wäerten do drop agoen."