Gewerkschafte fuerdere Referendum a wiere sech géint all Sozialofbau
D’Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn de Méindeg de Moien hir Fuerderungen am Kader vun der Pensiounsdebatt gestallt.
OGBL an LCGB soen, si wiere prett fir den Debat a si sti geschlossen, fir datt et emol kee Millimeter Verschlechterunge bei de Pensioune gëtt. Ma dofir hu si engersäits Fuerderungen, wat dee ganze Prozess ugeet, déi Debatt, fir Reformen auszeschaffen. An anerersäits, wat d’Leeschtungen an de Finanzement vum System ugeet.
Wat wëllen OGBL an LCGB da fir de Prozess?
Si fuerderen, datt den Tripartite-System spillt. Dat heescht, Regierung, Patronat a Gewerkschaften, déi d’Salariéë vertrieden, déi Reform mateneen aushandelen. Well se de System och paritär finanzéieren. An dat ass an deem Oflaf, deen d’Sozialversécherungsministerin Martine Deprez e Freideg virgestallt huet, net virgesinn. Si sinn dann och der Meenung, datt wann de Public schonn agebonne gëtt, da soll en herno och an engem Referendum gefrot ginn, ob e mat de Reformen d’accord ass an do soll jidderee gefrot ginn, deen am System verséchert ass, also och d’Frontalieren. Eng Rentereform war jo och guer kee Sujet am Virfeld vun deene leschte Walen.
D’Gewerkschafte si jo awer invitéiert, fir bei d’Ministerin ze goen am Consultatiounsprozess, mee si fäerten awer, datt do keen ausgeglachent Bild oder ausgeglache Vuë wäerte presentéiert ginn. Esou ass den Thinktank vun de Patronen, Idea, invitéiert, mee Improov, dee vum Salariat, net. Dräi Bauerenorganisatiounen, mee keng Fraenorganisatioun, keng Pensionärsvertrieder an esou weider. Doriwwer si se zimmlech rosen. An da poche si awer och drop, datt all Reformen, déi um Régime général gemaach ginn, also haaptsächlech fir de Privatsecteur, och fir d’Spezialregimmer vun de Beamte gëllen, fir datt d’Schéier do net ausenaner geet.
Wat verlaange si dann elo, wat d’Leeschtungen ugeet?
Si wëllen als alleréischt emol, datt de Reajustement an d’Allocation de fin d’année pereniséiert ginn. Mam Reajustement gi jo d’Pensiounen un déi allgemeng Entwécklung vun de Léin um Aarbechtsmarché ugepasst. A bei der leschter Reform 2012, do war agefouert ginn, datt dee Reajustement vun der finanzieller Situatioun vun der Pensiounskeess ofhänkt. Dat heescht, wann een d’Reserv vun der Rentekeess géif benotzen an dofir ass se jo do, soe si, da kéinten d’Pensiounen net reajustéiert ginn. Da fuerdere si och Verbesserunge vun der Mindestrent, déi fir si ze niddreg ass, wat virun allem Frae betrëfft. An och datt Verbesserunge kommen, wat d'Studenten ugeet.
Gesinn d’Gewerkschaften dann iwwerhaapt Handlungsbedarf, wat déi finanziell Situatioun vum System ugeet?
Kuerzfristeg net, well et jo grouss Reserve ginn, ma laangfristeg hu si verschidde Proposen, wéi een d’Recettë kéint an d’Luucht setzen. Duerch en Deplafonnement vun de Cotisatiounen, oder eng Progressivitéit vum Cotisatiounstaux. Oder nei Zorte Steieren.