A Schoulrestaurante solle méi lokal a biologesch Produite verschafft ginn
No enger Testphas gëtt de System "Supply4Future“ elo generaliséiert, sou datt all d‘Lycéeën an d‘Uni Lëtzebuerg vum Changement betraff sinn.
Soss gouf virun allem bei Grossisten akaaft. Elo kënnen op Basis vun der digitaler Ausschreiwung lokal Produzenten hir Produkter op der entspriechender Plattform proposéieren. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch:
"Bei deenen Ausschreiwungen, déi mer do maachen, ass et esou, datt de Präis nach ëmmer eng Roll spillt, mä de Fait, ob et lokal produzéiert ginn ass oder ob et e Bioproduit ass. Dat spillt zesumme méi, wéi de Präis."
Bei de lokale Bio-Produite wier an der Testphas déi gréissten Dynamik festgestallt ginn, sou de Claude Meisch. Et wier een sech bewosst, datt een net de ganze Bedarf mat lokalen- respektiv Bioproduite vun hei ofgedeckt kréich.

© Pit Everling
Den Educatiounsministère an de Landwirtschaftsministère schwätze vun engem Investissement an d‘Gesondheet, awer och vun enger Opportunitéit fir d‘landwirtschaftlech Betriber, fir sech ze diversifizéieren a fir d‘Biolandwirtschaft weider ze fërderen, well beim Akaf vun de Wueren de Bio prioriséiert gëtt. D‘CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen:
"Déi viregt Regierung hat sech do d'Zil vun 20 Prozent gesat, vun der Fläch fir 2025. Do war ech an der Oppositioun an hunn ëmmer gesot dat wär irrealistesch. Et ass och leider irrealistesch. Mä ech hoffen awer, datt mer un déi 10 Prozent erukommen. A mir gesinn awer doduerch, datt eng Nofro do ass, datt mer do zum Deel eng Partie Betriber zumindest op eng Deelëmstellung hikréien."
Et hätt ee séier gemierkt, datt ee mat dëser Moossnam d‘Lëtzebuerger Liewensmëttelproduktioun géing fërderen, confirméiert d‘Monique Ludovicy, Directrice vu Restopolis. Natierlech sinn als Konsequenz eng Partie Liewesmëttel vum Menü gestrach.
"Et gëtt keng Ananas méi, et gëtt keng Mango méi, et ginn Friichten a Geméis prioritär saisonal, a wat hei an eise Regiounen dann eebe wiisst."
Bei Restopolis sollen dernieft Efforte gemaach ginn, fir déi glutefräi Offer ze erweideren, fir manner Liewesmëttel ze verbëtzen a fir sou wäit wéi méiglech op Emballagen ze verzichten, déi just eemol kënne genotzt ginn.