
Géint 14:30 Auer koum et op der Kockelscheier an der Rue Auguste Dutreux zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. D'Pompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg an eng Ambulanz vu Diddeleng waren op der Plaz. Eng Persoun gouf bei deem Accident blesséiert.
Knapps zwou Stonne méi spéit, géint 16:30 Auer, sinn op der CR345 tëscht Colmar-Bierg a Karelshaff zwee Gefierer anenee gerannt. Och bei dësem Accident gouf eng Persoun blesséiert. Am Asaz waren d'Secouriste vu Colmar-Schieren an eng Ambulanz aus der Nordstad.
Kuerz drop ass et op där selwechter Strooss tëscht Ettelbréck an Uewerfeelen zu engem weideren Accident komm. Géint 16:45 Auer ass do en Auto verongléckt, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen. D'Secouriste vu Feelen a Réideng waren op der Plaz fir Hëllef ze leeschten.