
D'Deputéiert an der Chambermobilitéitskommissioun kruten d'Detailer vum Alzenger Contournement virgestallt. Dee soll verhënneren, datt wéi am Moment 20.000 Gefierer all Dag zu de Spëtzestonnen iwwert d'Haaptstrooss zu Hesper fueren. De Contournement soll 390 Milliounen Euro kaschten a bis 2037 fäerdeg sinn. Am Gesetzesprojet sinn och Kompensatiounsmesure fir d'Ëmwelt an eng Vëlospist virgesinn.
Et ass eng Strooss, déi sech d'Awunner vun Hesper scho laang wënschen, wann och net ëmmer ënnert där Form, dorunner huet den CSV-Deputéierten a fréieren Hesper Buergermeeschter Marc Lies erënnert: "Schonn ufangs der 60er Joren an och Mëtt vun den 90er Joren, wor d'Iddi do vun engem Bypass, net ee Contournement en temps que tel. Mee wou vun engem Bypass geschwat ginn ass, an der Gemeng Hesper ass ëmmer gesot ginn, jo, do ass schonn zanter 40 Joer, datt dovu geschwat gëtt, dat ass net ganz richteg, well et war ni ee Contournement en temps que tel, wéi deen, wéi effektiv elo hei um Blat steet."
2017 hunn d'Aarbechten um Gesetzesprojet ugefaangen. Geplangt si 5,75 Kilometer Strooss mat enger Spuer an all Richtung, huet den Direkter vu Ponts et chaussées Roland Fox bei senger Presentatioun an der Chamberkommissioun ënnerstrach.
"Et gëtt also keng véierspuereg Autobunn hei. Ech soen dat op dëser Plaz explizitt, well heiansdo gëtt gemengt, mir géinge wierklech esou e grousse Contournement baue fir driwwer ze rennen. Nee, mir maachen dat, fir datt d'Fonctionnalitéiten do sinn, datt d'Leit kënnen, wa méiglech, staufräi ronderëm d'Dierfer fueren ouni ze vill Kaméidi an ouni Pollutiounen."
Bannent der Gemeng sinn och Moossname virgesi fir de Verkéier ze berouegen, esou de Roland Fox.
"Fir eben den Duerchgangsverkéier, dee wierklech näischt an der Uertschaft verluer huet, fir deen erauszehalen an deen op de Contournement ze leeden.”
Wann den Alzenger Contournement an der Chamber gestëmmt ass, wäerten nach Etuden ofgeschloss ginn an Terraine kaaft ginn. 2029 gëtt da mat de Kompensatiounsmesurë fir d'Ëmwelt ugefaangen an 2031 mam Bau vum Contournement.
De Projet huet en Impakt op eng Natura 2.000 Zone, sou dass hei Kompensatiounsmesurë musse geholl ginn. Donieft wäert de Contournement en Impakt op d’Peegele vun der Uelzecht hunn, déi terrasséiert a renaturéiert gëtt.
D'Deputéiert hunn nogefrot, fir wat een net schonn éischter mat de Kompensatiounsmesuren ufänke kéint, zum Beispill direkt nom Vott vum Gesetz. Engersäits missten nach Terraine kaf ginn, esou de Roland Fox, anerersäits misst een och wësse wat ee mécht.
“Do kënne mir awer elo net soen, datt mer einfach elo mol eng Heck enzwousch setzen, well mir mengen, dat wier fir dee Villchen. An da kréie mer gesot, nee, dat ass awer elo gutt fir aner Villercher an deen do, dat passt net."
De gréngen Deputéierte Meris Sehovic sot no der Chamberkommissioun, datt et beim Projet vum Alzenger Contournement drëm goe géing den Naturschutz an d'Liewensqualitéit vun den Awunner vun Hesper ënnert een Hutt ze kréien.
"Ech mengen, dass de Projet, dee mer haut presentéiert kritt hunn, dat och versicht ze maachen, andeems ee sech maximal eigentlech u bestoenden Infrastrukturen orientéiert, do dann och Stroosse baut, fir esou mann wéi méiglech Agrëff ze maachen an déi bestoend Natur."
D'Presidentin vun der Mobilitéitskommissioun an DP-Deputéiert Corinne Cahen gouf als Rapportrice vum Gesetzesprojet fir den Alzenger Contournement designéiert.
An der Chamber-Mobilitéitskommissioun goufen en Donneschdeg och Ännerungen um Gesetzesprojet fir d'Reform vum Adapto virgestallt. De Staatsrot hat hei eng Partie formell Oppositioune formuléiert, deene mat den Ännerunge Rechnung gedroe soll ginn. Rapportrice ass d'DP-Deputéiert Mandy Minella.
Am Mee hat d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes de Projet vum Alzenger Contournement op den Instanzewee geschéckt.