Ëffentlech DefibrillatorenFalsch Alarméierungen a Vandalismus

RTL Lëtzebuerg
Ufanks der Woch gouf bei engem Defibrillator zu Monnerech sechs Mol hannerteneen de Knäppche gedréckt, ouni datt en Noutfall virlouch.
Archivbild
Archivbild
© RTL

D'Gemeng Monnerech mellt, datt e Méindeg géint 19:30 Auer bei engem vun hiren ëffentlechen Defibrillatoren den Noutknapp ganzer sechs Mol hannertenee gedréckt gouf. Doduerch sinn d'Police an d'Ekippe vum CGDIS falsch alarméiert an op d'Plaz geschéckt ginn.

Schonn am Mäerz vun dësem Joer gouf ee Gerät duerch Vandalismus beschiedegt.

D'Gemeng warnt, datt falsch Signaliséierunge de Rettungsdéngschter Zäit a Ressourcen huelen, déi u sech fir Leit an enger richteger Noutsituatioun geduecht sinn.

En Defibrillator ka Liewe retten a soll dofir net futti gemaach ginn a fir den Noutfall disponibel sinn.

Op verschiddenen ëffentleche Plazen am Land, besonnesch och an der Géigend vu Schoulen, sinn Defibrillatoren (AED) installéiert. Fir de Standuert vum nooste Defibrillator ze fannen, kann een déi gratis App Staying Alive LU benotzen. Dës weist iwwer GPS de Wee bei deen noosten Defibrillator.

Soubal d'Këscht vun engem ëffentlechen Defibrillator opgemaach gëtt, gëtt de CGDIS automatesch alarméiert. Den Apparat féiert ee mat Sproochuweisunge Schrëtt fir Schrëtt duerch d'Reanimatioun. Et kéint een dobäi näischt falsch maachen.

Back to Top
CIM LOGO