Fra a Verbindung mat Déifställ a Butteker festgeholl

© Police (Archive)
E Méindeg am Nomëtteg gouf der Police aus der Avenue de la Gare am Garer Quartier een Déifstall an engem Buttek gemellt.
Op der Plaz konnten d'Beamten eng verdächteg Fra stoppen, déi am Laf vun de weideren Ermëttlungen nach mat aneren Déifställ a Verbindung konnt bruecht ginn.
De Parquet gouf informéiert an huet ugeuerdent, d'Fra festzehuelen. Si gouf en Dënschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Zwee Abréch zu Miersch a Bouneweg
Der Police goufen an de leschte Stonnen ausserdeem nach eng Rei Abréch gemellt. E Méindeg am Nomëtteg gouf zum Beispill an eng Wunneng an engem Appartementshaus am Haardterwee zu Miersch agebrach. D'Täter hunn all d'Räim duerchsicht a Bijouen a Boergeld matgoe gelooss.
Zu Bouneweg goufen dann nach éischten Informatiounen no Suen aus engem Haus um Boulevard Kaltreis geklaut. A béide Fäll wier d'Spueresécherung op der Plaz gewiescht an et goufen Ermëttlungen an d'Weeër geluecht.