Zil ass, datt de "Centre des Monuments du Grand-Duché du Luxembourg" d'Gestioun vun den 80 Buergen, Schlässer an aner historesch Monumenter iwwerhëlt.

D’Gestioun vun de Buergen a Schlässer hei am Land soll méi professionell ginn. Si solle méi fir de Public opgoen an touristesch méi attraktiv ginn. Dat ass d’Zil vum neien CML, dem "Centre des Monuments du Grand-Duché du Luxembourg". Dës nei ASBL, déi et zanter dem Mäerz gëtt, gouf en Dënschdeg am Kulturministère virgestallt.

80 där Buergen a Schlässer an aner historesch Monumenter gëtt et am Land. Den neien Zenter – eng ASBL, déi emol en Etablissement public soll ginn - fänkt elo mat 3 Sitten un: de Schlässer vu Beefort an der Fiels an dem archeologesche Site zu Duelem.

"Mir fänken elo mat deenen dräi Sitten un. Déi hu sech spontan erkläert hei matzemaachen. Well dat ass jo bis elo op Basis vum Benevolat geréiert ginn an déi ware bereet dann effektiv dat an de CML ze ginn, déi Gestioun. Wat awer heescht, datt mer mat hinnen nach ëmmer op spezifesche Projeten weiderschaffen", sou d’Beryl Brück, Presidentin vum Verwaltungsrot vum CML

Bis ewell gëtt d'Gestioun vu Benevolle gemaach. Dat soll sech also änneren. Ouni Forcing wëll een dat erreechen, mä am Dialog. De Kulturministère huet eng Konventioun mam neien CML vun 300.000 Euro. Bei dee Budget kommen awer och nach d'Recetten, wéi zum Beispill d'Entréestickete vun den eenzele Sitten.

RTL

(de g. à dr.) Patrick Diederich, architecte-conservateur à l'INPA ; Beryl Bruck, conseillère de gouvernement 1re classe auprès du ministère de la Culture, présidente du Conseil d'administration du Centre des monuments Luxembourg ; Eric Thill, ministre de la Culture ; Marc Gierenz, coordinateur général du Centre des monuments du Grand-Duché du Luxembourg ; Georges Rischette, vice-président du Conseil d'administration du Centre des monuments Luxembourg / © MCULT