D'Bankenassociatioun mécht den Appell un d'Leit, fir nees Immobilieprêten unzefroen, an dat aus e puer Grënn.

D'Banke géifen nees méi Kreditter verginn. Dat wär virop bedéngt duerch eng Präis-Baisse bei de bestoende Wunnenge vun an der Moyenne 20% déi lescht zwee Joer. Dës géif déi méi héich Zënsen zu engem groussen Deel offiederen. Ausserdeem rechent ee wéinst der schlechter Wirtschaftssituatioun an der EU mat weideren Zëns-Baissen.

Duerch déi sëllege staatlech Hëllefsmesurë kéint et awer och fir den Neibau derwäert sinn, e Kredit unzefroen, seet de Jerry Grbic, Generaldirekter vun der Bankenassociatioun ABBL. "Zënssubventioune bis 3,5%, d'Staatsgarantie, wann een net genuch Eegemëttel ugespuert huet. De Bëllegen Akt ass bei 40.000 Euro pro Persoun. Also 80.000 fir ee Stot."

De Bëllegen Akt geet allerdéngs 2025 nees op 30.000 Euro pro Persoun erof. Bis Mëtt d'nächst Joer gëllt awer och nach eng Halbéierung vun den Enregistrementskäschten. Dat gouf jo déi lescht Woch mam Budget annoncéiert.

"Dat sinn alles Saachen, wou een direkt spiert. Déi an de Portmonnie ginn am positive Sënn. A wou eng Rei Leit haut vläicht vill méi no dru sinn, fir sech en eegent Appartement ze kafen, wéi se vläicht mengen", seet den ABBL Generaldirekter.

Déi lescht Baisse vum Leetzëns am September missten d'Clientë geschwënn och op hire Prête spieren. "Nach eng Kéier: d'Banke wëlle Kreditter maachen an et ass och eng Konkurrenz um Marché, fir Kreditter ze maachen, esou datt dat relativ schnell wäert geschéien." 

Nach kee Bauprojet beim Ënnerstëtzungsmechanismus "Prolog" agereecht

D'Vente vun Neibauten undreiwen. De Konstruktiounssecteur an der Aarbecht ze halen. Dat ass net just D'Zil vu sëllege Logementsmesurë vun der Regierung. Mee och vu Prolog. Engem Ënnerstëtzungsmechanismus, deen déi 5 Lëtzebuerger Banken SNCI, Spuerkeess, BIL, Banque de Luxembourg an d'Raiffeisen ugangs Juli op d'Bee gestallt hunn. 250 Milliounen Euro si virgesinn, fir de Bau vu Residencen ze erméiglechen, obwuel nach net genuch Wunnenge (80%) verkaf sinn, fir déi gesetzlech virgeschriwwe Garantie d'achèvement ze kréien.

Bis ewell wier awer nach keen eenzege Projet beim  Ënnerstëtzungsmechanismus "Prolog" agereecht ginn, esou de Jerry Grbic. Ugangs September war réischt déi éischt Informatiounsversammlung. Eng Brems schéngen awer och d'Prozeduren: ier ee Projet bei Prolog kënnt, muss en nach emol vun enger vun de 5 Banken, déi matmaachen, analyséiert ginn. De reglementaire Kader, deen d'Bankenopsiicht CSSF virschreift, géif eben Zäit kaschten. Bis deen éischte Projet agereecht géif, kéint et nach 1-2 Méint daueren. Dofir wär et gutt méiglech, datt Prolog 2025 verlängert géif ginn. Eigentlech sollt dësen Ënnerstëtzungsmechanismus just bis Enn dës Joers lafen.