Dat huet d’Parteileedung vun der Oppositiounspartei esou acceptéiert, nodeems et eng Demande vum Ben Polidori gouf.

Och d’Fraktioun an d’Nord-Sektioun hätte gréng Luucht ginn. D’LSAP-Membere kruten d’Confirmatioun via eng intern Newsletter um Mëttwochowend schonns.

De Ben Polidori hat kuerz virun der Summervakanz, no mol net engem Joer als Deputéierten, d’Piratepartei verlooss, well hien net méi mam Fonctionnement vun de Piraten averstane war.

Transparenz a participativ Demokratie géifen et keng méi bei de Pirate ginn, hat hien am Juli wësse gedoen. D’LSAP kritt domadder en Deputéierten an hire Reie bäi. Deemno dann deen Zwieleften.

D'LSAP wier vun de Wäerter hier déi Partei, an där hie sech am beschten erëmfënnt, sot de Ben Polidori als eisen Invité vun der Redaktioun um Radio. Hien hätt gutt Gespréicher gehat mat der Partei-Spëtzt, mä och mat der Deputéierter Liz Braz. Hie wier zu 100% vu sengem Choix iwwerzeegt an hätt sech ëmmer fir sozial Gerechtegkeet engagéiert. Firwat dann net direkt bei d'Sozialisten? Déi Fro wär berechtegt, gëtt de Ben Polidori zou.

"Ech hu mech am Fong decidéiert, bei d'Piraten ze goen als jonk Partei. Eng Partei, déi ech awer gesinn als och eng dynamesch Partei, an eng Partei, wou ee ka matwierken. An dat war fir mech kloer d'Piratepartei. Och eng digital Partei. Ech mengen, als Informatiker, sinn ech och ganz no bei der Digitalisatioun. Et war awer och esou, an dat hat ech och eng Kéier an engem Interview gesot, d'Parteien, déi mech ëmmer ugezunn hunn, vun Ufank un, dat war wierklech d'Piratepartei, mä déi zweet war fir mech ëmmer iergendwou a mengem Bauch, a mengem Häerz, d’LSAP."
 
Hien hat zwar och Gespréicher mat anere Parteien, dat wär och "eng Saach vu Respekt", sou de Ben Polidori. Mä et wär séier kloer gewiescht, datt et d’LSAP géif ginn. Hien hätt näischt versprach kritt, och net en vue vun de Walen 2028 - dat wier nach "ganz laang". D'Gespréicher wieren ëm Theeme gaangen, déi him wichteg sinn, ewéi d'Educatioun an d'Pensiounen. Hie wär och elo keen anere Mënsch ginn, just well hien d’Partei gewiesselt hätt.

Invité vun der Redaktioun: Ben Polidori

Austrëtt bei Pirate wéinst "Konstrukt vu méi Elementer"

Déi Wäerter, déi him wichteg sinn, hätt hie bei senger fréierer Partei de Piraten net méi erëmfonnt. Ausléiser fir seng Decisioun d’Piraten ze verloossen, ware Meenungsverschiddenheeten, mee awer och d’Malt-Affär – ewéi d’Firma vum Sven Clement, respektiv d’Partei, eng App fir den Office national de l’accueil entwéckelt hat.
 
Dem Ben Polidori säin Austrëtt aus der Piratepartei huet och eng ëffentlech Schlammschluecht tëscht den aneren Piratendeputéierte Sven Clement a Marc Goergen lassgetrëppelt.
 
Wien da vun deenen zwee “de Béise” wier, wollt de Ben Polidori net soen. Hie wier wéinst dem Sven Clement bei d’Pirate gaangen, mee no manner engem Joer als Deputéierten hätt hie "verschidde Saachen net méi esou erëmfonnt" an "d’Enttäuschung wier einfach ze grouss ginn". Et wier "e Konstrukt vu méi Elementer" gewiescht deen zu senger Decisioun gefouert hätt fir d’Piraten ze verloossen.

Dat offiziellt* Schreiwes vun der LSAP

Pressecommuniqué – 19.09.2024
Ben Polidori – Member an der LSAP

De Ben Polidori gëtt Member an der LSAP.

No enger Rei Gespréicher mat der Partei- a Fraktiounsspëtzt vun der LSAP huet de  Ben Polidori decidéiert Member vun der LSAP ze ginn. Esouwéi d’Statuten dat  virgesinn ass dëst duerch d’Parteileedung, d’Fraktioun an d’Sektioun eestëmmeg ugeholl ginn. De Ben Polidori, 34 Joer al, ass Deputéierten aus dem Bezierk Norden a Conseiller zu Viichten. 

D’Parteipresidente vun der LSAP, Francine Closener an Dan Biancalana, confirméieren: „Mir si frou, de Ben an eiser Partei opzehuelen. Hien deelt d’Wäerter vun der LSAP an ass sécherlech eng Beräicherung fir eis Ekipp“. D’LSAP freet sech op eng gutt Zesummenaarbecht a geet zouversiichtlech an déi politesch Rentrée an där si weider konstruktiv Oppositiounspolitik wäert maachen.

*An enger éischter Versioun hate mir d'Schreiwes aus der interner Newsletter vun der LSAP publizéiert. Am Laf vun en Donneschdeg de Moien huet d'LSAP dunn dat offiziellt Schreiwes erausginn.