Fernand Kartheiser proposéiert Adaptatioun vu Prozeduren am EU-Parlament
Wéi de Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser e Méindeg den Owend seng Interventioun op Lëtzebuergesch ugefaangen huet, gouf en direkt ënnerbrach.
Ëm méi sécher Produite fir d'Konsumenten an ëm e bessere Schutz vum europäeschen E-Commerce am Kampf géint onfair Konkurrenz besonnesch aus China goung et e Méindeg den Owend am Europaparlament zu Stroossbuerg.
Nodeems déi eenzel Fraktiounen hir Positiounen duergeluecht haten, konnt den zoustännegen EU-Commissaire Didier Reynders nach eemol dorop reagéieren.
Duerno stounge kuerz Wuertmeldunge vun enger Minutt vu verschiddenen Deputéierten um Programm, zu ënnerschiddlechen Theemen.
Fernand Kartheiser wollt Wuertmeldung op Lëtzebuergesch maachen
Aus Lëtzebuerger Siicht huet do besonnesch eng interesséiert an dat manner wéinst hirem Inhalt, mee méi wéinst hirer Form: De Fernand Kartheiser, zu Lëtzebuerg ADR, an Europa ECR, hat nämlech ugekënnegt, am Parlament wëllen op Lëtzebuergesch ze schwätzen – an huet dat dann och duerchgezunn, obwuel Lëtzebuergesch keng offiziell EU-Sprooch ass:
"Villmools Merci, Här President, als Nationalsprooch vun engem Memberland vun eiser Unioun huet Lëtzebuergesch e Recht op e Statut an dësem héijen aus esou wéi all ...", huet den Deputéierten ugefaangen, éier de President intervenéiert ass: "Léiwe Kolleeg, léiwe Kolleeg, entschëllegt, ech muss Iech ënnerbriechen, Dir musst, fir d'Wuert ze ergräifen, eng vun den offizielle Sprooche vun dësem Parlament gebrauchen. Dat sinn d'Reegele vum Parlament."

De Fernand Kartheiser wollt sech net direkt geschloe ginn an huet wësse goen, op Englesch, datt hien awer wéilt op Lëtzebuergesch schwätzen. Hie géif fir d'Lëtzebuerger Vollek déi selwecht Rechter wéi fir jiddereen aneren am Parlament froen a wéilt d'Erlabnis kréien, op Lëtzebuergesch weiderzefueren.
Hie wollt dunn och nees usetzen, gouf awer op en Neits opgefuerdert, eng offiziell EU-Sprooch ze wielen; hien hätt jo grad perfekt Englesch geschwat, hie kéint jo op Englesch weiderfueren, esou de Vizepresident Esteban González Pons um Presidentestull.
Dat huet de Fernand Kartheiser dunn och gemaach an an enger Zort Resumé gesot, datt seng Sprooch wéi déi aner Sproochen och sollt e Statut am Parlament kréien, datt se net sollt weider vum Parlament diskriminéiert ginn an datt och schonn d'Grënner-Pappe vun der Unioun – Schuman, Adenauer a Bech – Lëtzebuergesch geschwat hätten an hie wéilt, datt d'Parlament dës Sprooch géif unerkennen.

Knapp annerhallef Minutt huet den Intermezzo gedauert.
D'Dolmetscher haten direkt am Ufank vun der Wuertmeldung vum Fernand Kartheiser wësse gedoen, datt d'Ried net kéint gedolmetscht ginn, well se an enger Net-EU-Amtssprooch géif gehale ginn.
D'Theema vun der Ried war iwweregens d'Lëtzebuergescht selwer: "Utilisation de la langue luxembourgeoise au sein du Parlement européen".
No Refus: Lëtzebuerger EU-Deputéierte proposéiert Adaptatioune vu Prozeduren am EU-Parlament
An engem Bréif un d'Presidentin vum EU-Parlament Roberta Metsola fuerdert de Fernand Kartheiser, fir d'Reegelen 174 an 210 ze adaptéieren.
PDF: De Bréif vum Fernand Kartheiser un d'Presidentin Metsola
Konkret geet et bei der Reegel 174 drëm, datt "all d'Dokumenter am Parlament an den offizielle Sprooche geschriwwe musse sinn". Zum Punkt 2 vun dëser Reegel, déi u sech festleet, datt just déi offiziell unerkannte Sproochen dierfe geschwat a simultan iwwersat ginn, proposéiert de Fernand Kartheiser eng Ajoute. Deemno soll all Member vum Parlament a senger Nationalsprooch dierfe schwätzen, esoulaang dës a sengem Land vun der Konstitutioun unerkannt ass, och wann dës Sprooch keng offiziell Sprooch vum EU-Parlament wier. Den ADR-Europadeputéierte proposéiert weider, datt an deem Fall d'Ried am Virfeld muss an enger offizieller Sprooch vum EU-Parlament un de Service vun den Iwwersetzer weidergeleet ginn, fir datt d'Ried fir all d'Membere vum Parlament kann iwwersat ginn.
PDF: Déi vum Fernand Kartheiser proposéiert Adaptatiounen (op Englesch)
D'Reegel 210 betrëfft de schrëftleche Rapport vun allem, wat am Parlament gesot gëtt. Och an dësem Fall proposéiert de Fernand Kartheiser, datt eng Ried an enger vun der Verfassung vum Land unerkannter Nationalsprooch sollt mat consideréiert ginn, och wann dës Sprooch keng offiziell Sprooch vum Europaparlament ass. Dësen Deel wier dann eng Kéier an der Nationalsprooch an eng Kéier als Iwwersetzung am schrëftleche Rapport ze fannen. Sollt den Auteur vun der Ried d'Iwwersetzung selwer virgeluecht hunn, esou wier hien och selwer fir den Inhalt responsabel, esou d'Propos vum ADR-Politiker un d'Presidentin vum Europaparlament.