E Méindeg den Owend gouf d'Police zu Diddeleng op een Asaz geruff, nodeems do ee Mann gemellt gouf, dee seng Fra schloe géif.

Op der Plaz konnten d'Beamte béid Partner untreffen an et huet sech erausgestallt, datt et net deen éischte Policeasaz op där Adress wier. Éischten Ermëttlungen no war e Méindeg den Owend ee Sträit tëscht der Koppel eskaléiert an et koum zu Handgräiflechkeeten.

D'Fra gouf fir eng Kontroll an d'Spidol bruecht, wärend hire Partner op Uerder vum Parquet festgeholl gouf. Et gouf och eng Expulsioun géint hien ausgesprach. En Dënschdeg de Moie gouf de Mann dunn dem Untersuchungsriichter virgefouert.