D'Energie-Kooperativ EKR huet um Dënschdeg zu Munneref hiren zweete Photovoltaik-Projet ageweit.

E Bléck op d’Energieauer.lu vun der Klimaagence an et gesäit een, datt zum Beispill um Méindeg nëmmen 18% vum Verbrauch un Elektresch hei am Land selwer, dank erneierbaren Energien hiergestallt gouf.

E Beispill, wat weist, wéi vill Loft no uewen et nach gëtt, geet et drëms, méi ëmweltfrëndlech a virop och méi lokal ze produzéieren. Grad dofir huet d'Regierung um Mëttwoch op ee sougenannten "Energiedësch" agelueden.

 

Jiddwer Initiativ géif um Enn gëllen

Am Kanton Réimech hu Vertrieder aus de 7 Gemengen, zesumme mam Leader Miselerland viru genee zwee Joer d'Energie-Kooperativ EKR gegrënnt. Déi elo zu Mondorf hiren zweete Photovoltaik-Projet ageweit huet.
 
De President vun der EKR.lu, Mike Molling erkläert: "Déi éischt Anlag war um Boulodrome. Dat ass eng 30 Kilowatt-Peak-Anlag. An déi zweet Anlag hei eeben zu Munneref, dat ass eng 68 Kilowatt-Peak-Anlag, déi mer elo ëmgesat hunn. Firwat villäicht och déi zwee Projeten zu Munneref? Mir hunn am Fong eis virgeholl, fir an all Gemeng ee Projet ze maachen. Mir hunn awer elo hei zu Mondorf eeben déi zwee Projete gemaach, well mer do och eng ganz gutt Ënnerstëtzung vun der Gemeng hunn."

 

Investéiert gouf Geld vun den Ament 90 Memberen

80.000 Euro am Kader vum neiste Projet. En Ufank. Well u weidere Sitten, op deenen d'EKR am Kanton Réimech Photovoltaik-Anlagen installéiere kann, feelt et net an de 7 Gemengen. Vum Hafen zu Schwéidsbeng iwwer Schoulen bis d’Kierch zu Kanech.

Elo geet et drëms, weider Finanzen zesummen ze kréien

Dofir zielt ee virop op déi ronn 25.000 Awunner aus dem Kanton.

"Dat klengsten Investissement ass 100 Euro. Ech mengen, do misst jiddwereen déi Méiglechkeet hunn, fir 100 Euro ze investéieren. Et sinn natierlech och Leit, déi méi investéieren. Do si mer och frou driwwer. An dat gëtt jiddwerengem d'Méiglechkeet, deen zum Beispill an engem Appartement wunnt, wou déi aner Leit net wëlle matmaachen, fir eppes opzeriichten, kënne se awer an erneierbar Energien investéieren", sou de Gérard Wilems, Member vun der Energiekooperativ.

Grad wéi wann een Aktie keeft, soll d'Investissement mat der Zäit e Rendement abréngen

Gerechent gëtt mat 5 bis 7 Joer, bis dat esou wäit wäert sinn. Kuerzfristeg hëlleft jiddwereen, deen an der Kooperativ matmécht, d'Energietransitioun z'ënnerstëtzen.

"Mir sinn am Moment nach op engem relativ déiwen Niveau. Mee mir gesinn awer, dass et ganz gutt virugeet. D'lescht Joer, 2023, sinn eng ronn 3.000 Solaranlagen a Betrib geholl ginn. Fir dëst Joer sinn d'Zuele vill méi héich, vill méi villverspriechend. Mir gesinn also, dass mer op e Rekordjoer vun nei-installéierte Solaranlage fir 2024 histeieren." 

Sou de Minister fir Wirtschaft an Energie Lex Delles a senger Heemechtsgemeng, wou weider Bornen ageweit goufen, fir Elektroautoen opzelueden. Bornen, déi ënner anerem mat Stroum aus der Anlag vun der Kooperativ gespeist ginn.