D'Associatioun, déi de BENU Village geréiert huet, ass an der Liquidatioun. Éier dës duerch ass, kënnen d'Aarbechten um Site zu Esch net ufänken.

Enn Dezember zejoert huet et am Ökoduerf zu Esch, net weit ewech vun der franséischer Grenz, zwee Mol bannent kierzter Zäit gebrannt a verschidde Container ware komplett ausgebrannt. D'Gemengeresponsabel hunn d'Decisioun geholl, fir alles ewechzerappen, well d'Sécherheet net méi garantéiert kéint ginn. Dëst Duerf mat senge Geschäfter huet nom Prinzip vun der "économie circulaire" funktionéiert. Kleeder oder Liewensmëttel konnten néi verwäert ginn. An dësem Sënn soll de Site nach eemol genotzt ginn. Et stelle sech awer e puer konkret Froen. 
 
2015 gouf de BENU Village gegrënnt a war dat éischt Ökoduerf an der Groussregioun. Wéinst finanzielle Probleemer gouf de Site virun engem Joer zougemaach.