Si 475 Zebrasträifen an der Stad Lëtzebuerg net konform mam Code de la Route? Oder sinn et der just 37? Doriwwer streide sech ZUG an d'VDL.

Gemengerot an der Stad: Appel an der Affaire ZUG / Reportage Anne Wolff

Wien huet Recht: D'Stad Lëtzebuerg oder den Zentrum fir Urban Gerechtegkeet (ZUG) mat senger Plainte géint d'Gemeng?

Doriwwer gouf e Méinden de Mëtteg am Gemengerot diskutéiert. D’Kollektiv ZUG krut lescht Woch an éischter Instanz virum Verwaltungsgeriicht Recht an d'Stad Lëtzebuerg gouf verflicht, Dokumenter iwwer d’Sécherheet vun de Foussgänger ëffentlech ze maachen. Dogéint wëll d'Staat awer elo an Appell goen.
 
Hei géing et net ëm d’Sécherheet vun de Foussgänger goen, mä ëm de Prinzip. Dat war d’Analys vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer zu deem Thema. Dat géif zu engem Präzedenzfall an elo misst ee klären, wéi wäit den Inhalt vun de Schäfferotssëtzunge geschützt wier, sou wéi d’Gemengegesetz et virgeséich. Et wier och d’Fro, wéi eng Administratioun a Rou schaffe kéint, wann een ëmmer misst dermat rechnen, dass Dokumenter zu all Moment kéinte Public ginn.

"Also hei geet et net ëm Gewënner a 'sech eng siche goen', mee hei geet et ëm Kloerheet. An et ass dofir, dass de Schäfferot eben déi Propose mécht."
 
Ausserdeem géifen déi agefuerderten Donnéeën och sécherheetsrelevant Informatiounen enthalen, déi een net einfach publizéiere kéint. An ZUG hätt e puer Mol eng Invitatioun vun der Stad ausgeschloen. 
 
D’Ausernanersetzung mam Kollektiv dauert elo well dräi Joer: ZUG geet dervun aus, dass 475 Zebrasträifen an der Gemeng net konform mam Code de la Route sinn. Fir d’Gemeng sinn et der dogéint grad emol 37. Wéinst där Diskrepanz wollt d’Kollektiv d’Dokumenter vun der Stad gesinn.

Aus der Oppositioun hunn déi Gréng, LSAP, déi Lénk an d’ADR elo gefuerdert, dass déi Dokumenter solle public gemaach ginn.

De François Benoy vun déi Gréng. "Et ass hei elo wierklech scho genuch Zäit verluer gaangen an all deene Verfaren. Et ass och scho genuch Geld verpolvert ginn. Ech mengen, mir däerfen net vergiessen, dass mat där heiten Affär och genuch Steiersuen dropgemaach gi vun der aktueller Majoritéit, fir déi Geriichtskäschten ze finanzéieren. Dat Ganzt geet schlussendlech op d'Käschte vun de Foussgängerinnen an de Foussgänger."
 
Ma d'Decisioun an der Märei ass gefall an domat geet de Sträit tëscht ZUG a VDL an déi nächst Ronn. 
 
ZUG selwer huet direkt no der Gemengerotssëtzung an engem Communiqué reagéiert a betount, d’Invitatioun vun der Gemeng, fir verschidden Dokumenter ze gesinn, wier wäit ënnert deem bliwwen, wat si un Informatioune gebraucht hätten. Dat fir si wichtegst - eng Analys vun all den Zebrasträifen an der Stad - hätt een hinnen net wëlle weisen. Et wier domat falsch, dass een net hätt wëlle kooperéieren an et géing een net labber loossen.