Wat ee Reformen éischter ugeet, wat se manner wéidinn
De Conseil national des finances publiques huet en Dënschdeg seng Analys zu der Entwécklung vun de Staatsfinanze bis 2028 presentéiert.
Bei der Sozialversécherung ass fir 2028 mat engem Defizit ze rechnen. Bis 2028 wäert, nieft dem Defizit vum Staat, och d'Sécurité sociale vun elo 937 Milliounen am positiven, op en Defizit vu 15 Milliounen Euro rutschen, esou Prognosen. Dat wier eng Premiere.
"Bedéngt souwuel duerch d'Fleegeversécherung, wéi duerch d'Krankekeess oder d'Gesondheetskeess, an duerch d'Pensiounen. A vläicht, fir do Iech e puer Zuelen ze ginn, wat mëttelfristeg dat betrëfft. Bei de Pensiounen ass et esou, dass op déi Period 2023-2028, déi eeben hei ofgedeckt ass vum Pluriannuell, d'Recettë pro Joer an der Moyenne ëm 4,7 % eropginn, d'Depensen ëm 7,2 %. Also fir ee Wuert, wat de Minister gären oft braucht, dee Schéier-Effet, dee geet op.", esou de Romain Bausch, President vum Conseil national des finances publiques.
Den aktuelle Rechnungen no géif d'Réserve légale vun der Gesondheetskeess 2027 ënnert den Niveau vun 10% vun de lafenden Ausgabe falen. Deemno missten dann d'Cotisatiounen eropgesat ginn. Ausser bis dohi gi Prestatiounen agespuert. Vun 2026 u misst d'Pensiounskeess op de Fond de compensation zeréckgräifen, an deem eng 27 Milliarden u Reserve sinn. Geld, wat dem aktuelle Stand no, géifen d'Cotisatiounen op 24% bleiwen, 2047 opgebraucht wier. Theoretesch, well dem Gesetz no éischter u Stellschrauwe gedréit misst ginn.
"Mir gesinn, dass et ee Problem gëtt à long terme an dass een déi néideg Moossname soll huelen, mee d'Zuele weisen och, dass mer net derapéieren an deenen nächsten 10 – 15 Joer. Dat heescht, déi Moossname kënne roueg esou geholl ginn, dass hei där doter Saach entgéintgewierkt gëtt, ouni dass een do muss mat engem Briecheise virgoen. Mee et kann een eppes maachen, wou ee Moossnamen an d'Wee leet, déi iwwer Zäit gräifen."
Perséinlech réit de Romain Bausch der Politik, d'Pensiounsdebatt entspaant unzegoen. De Leit kloer z'erklären, wat de Problem ass. Laangfristeg plädéiert hie perséinlech, fir e lues a luest Eropsetze vum Pensiounsalter ëm 2 Joer.
Conseil national des finances publiques: De Budgetssolde gëtt systematesch ënnerschat
Dowéinst wieren d’Defiziter herno net esou grouss wéi virausgesot. Dat ass ee vun de Constaten en Dënschdeg vum Conseil national des finances publiques.
De CNFP weist op widderspréchlech Entwécklungen an de Budgetszuelen hin. Dëst Joer goufe jo wéinst de Walen zwee Budgete virgestallt. Am Mäerz dee fir dëst Joer an Ufank Oktober dee fir d’nächst Joer. An deene sechs Méint dotëscht hu sech engersäits der Regierung hir Previsioune fir d’Wirtschaftscroissance verschlechtert, anerersäits sinn hir Previsioune fir de Solde beim Zentralstaat fir d’Period 2025 bis 2027 vill besser, huet de CNFP-President Romain Bausch erkläert.
"An dat ass u sech e bëssen erstaunlech, well jo, wéi mer virdru gesinn hunn, d'Prévisions macroéconomiques sech verschlechtert hunn."
Ganz konkret an Zuelen ausgedréckt: "Also sinn dës Previsions budgétaires eng hallef Milliard pro Joer méi positiv wéi déi, wéi se nach viru sechs Méint gemaach ginn ass."
Ma domat geet et net duer, esou de Romain Bausch, well am neie Budget jo engersäits Steiererliichterungen an op der aner Säit nach e Präisdeckel fir de Stroum virgesinn ass. Duerch déi Mesurë ginn d’Recetten erof an d’Depensen erop.
"Wa mer déi erausrechnen, déi nei Moossnamen, déi eeben am Mäerz nach net virgesi waren, dann ass den Ënnerscheed tëschent dem Defizit, esou wéi en elo virgesinn ass fir déi Period, par Rapport zum Defizit, wéi e viru sechs Méint virgesi war, pro Joer ëm 1,5 Milliard besser."
Dofir seet dee Romain Bausch: "Also sinn dës Zuelen am Fong geholl e bësse fir eis och de Beweis, dass mer eng Sous-estimation systématique hu vun dem Budgetssolde."
De President vum CNFP geet dann och net dovun aus, datt den Zentralstaat dëst Joer, wéi nach am Oktober virausgesot, wäert bei 1,4 Milliarden Euro leien, also d'nämmlecht vill wéi d’lescht Joer. Dat well d’Situatioun beim Zentralstaat Enn September dëst Joer bal ëm 1,2 Milliarden Euro besser war wéi d’lescht Joer.
Dofir freet de Romain Bausch: "Wou géifen dann déi 1,1 Milliard higoen? Dat heescht, mir si ganz sécher, dass, opgrond vun den haitegen Zuelen, den Defizit och fir 24 iwwerschat ass."
Dem CNFP no wäert den Defizit fir dat lafend Joer och net esou héich si wéi nach an de Budgetsdokumenter vum Oktober virgesinn. Dat well d’Situatioun beim Zentralstaat schonn Enn September dofir ze gutt war.