An der Rue Mathias Kirsch zu Bouneweg gouf der Police en Dënschdeg den Owend géint Mëtternuecht en Abroch an en Auto gemellt.

Wéi d'Police an hirem Bulletin mellt, konnt ee vun den zwee presuméierten Täter kuerz drop gestallt an och den zweete Verdächtege no enger Sich méi spéit lokaliséiert ginn.

Béid Männer goufe mat op de Policebüro geholl an hir Identitéite goufe festgehalen. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet an d'Wäertgéigestänn dem Affer zeréckginn.

Géint déi nämlech Zäit ass enger Policepatrull och zu Bouneweg eng Autosfuererin opgefall, déi sichtlech Schwieregkeeten domat hat, sech ze parken. Wéi si du schlussendlech zefridde mat hirer Parkpositioun war, stoung den Auto nach zu engem groussen Deel an der Strooss, heescht et am Policebulletin.

Wou d'Polizisten d'Fra drop ugeschwat hunn, hu si séier gemierkt, datt si wuel ze déif an d'Glas gekuckt hat an dowéinst Schwieregkeete beim parken hat. En Alkoholtest war dann och deementspriechend positiv a si krut hire Fürerschäin ofgeholl.