Gréisst Hausse bei Aarbechtslosen tëscht 30 a 44 Joer mat héijem Ofschloss
De Chômagetaux bleift stabel a läit weider bei 5,8 Prozent. Dat deelen d'ADEM an de Statec e Mëttwoch an engem Schreiwes mat.
Am Oktober vun dësem Joer waren allerdéngs 8,1 Prozent méi Leit beim Aarbechtsamt ageschriwwen, wéi zejoert am nämmlechte Mount. Verzeechent gouf ee Plus vu ronn 1.400 Demandeuren op elo dann insgesamt 18.300. Déi gréisst Hausse bei den neien Demandeure géif et bei Leit tëscht 30 a 44 Joer a bei Leit mat engem héijen Ofschloss ginn.
D'Unzuel un neien Aschreiwunge bei der ADEM ass méi oder manner d'nämmlecht gewiescht, wéi zejoert. Par rapport zum Oktober 2023 goufen et dëst Joer 21,9 Prozent manner disponibel Posten. Virun allem an der Compta an an der Gestioun wiere manner Plazen ausgeschriwwe gewiescht, mee och an der Informatik an an de Beruffer vum Droit an de Finanzen.