Balance a Gefor: Eng vun zwou neie Plaze gi beim Staat geschaaft
© Image Par GilPe — Travail personnel, CC BY-SA 4.0
An där Optik, a well ëmmer méi Pensioune mussen ausbezuelt ginn, fuerdert d'Chambre des Métiers, datt d'Cotisatiounsdauer verlängert gëtt.
Den Absenteismus laascht op de Käschte vum Gesondheetswiesen an de Betriber a muss mat gesetzleche Mesuren ënnerbonne ginn - dat ass ee vun de Messagen aus dem Avis zum Budgetsprojet vun der Chambre des Métiers.
D'Betribsvertrieder proposéieren duerfir d'Aféiere vun engem digitaliséierte Krankeschäin an d'Berechne vun de Congésdeeg op Basis vun de Presenzdeeg op der Schaff. Eng aner Iddi ass et, d'Primmen, déi um Enn vum Joer ausbezuelt ginn, ze defiskaliséieren.
D'Handwierkerkummer stellt an hirem Avis dann och nach fest, datt déi lescht Joren eng vun zwou neie Plaze beim Staat geschaaft goufen. Dëst géif zu engem Déphasage féieren, wou gefaart gëtt, datt d'Recetten, déi de Privatsecteur generéiert, net méi duer ginn, fir d'Organisatioun vum Staat ze finanzéieren.
An där Optik a virum Hannergrond, datt ëmmer méi Pensioune mussen ausbezuelt ginn, fuerdert d'Chambre des Métiers, datt d'Cotisatiounsdauer verlängert gëtt, an notéiert strukturell Ongerechtegkeeten, wat d'Pensiounen am Privaten an deene beim Staat ugeet.
D'Chambre des Métiers proposéiert dann och fir de Staatsbudget an Zukunft anescht ze presentéieren - an zwar an enger Resultatsapproche, sou datt net méi d'Ministère géifen hir Zuelen eraginn, mee datt de Budget no Missiounen an Ziler opgestallt gëtt.
De Staatsbudget gëtt aktuell an de verschiddenen Chamberkommissiounen diskutéiert an d'Avise gi parallel analyséiert, éier d'DP-Deputéiert Corinne Cahen hire Rapport da Mëtt Dezember an der Plenière mécht den Zuelepak gestëmmt gëtt.