Nodeems en Donneschdeg am spéiden Nomëtteg e Kand zu Esch an der Lëtzebuerger Strooss ugestouss gouf, sicht d'Police Zeien, déi den Accident gesinn hunn.

Virun allem sicht d'Police no engem Chauffer, laanscht deem säin Auto d'Kand gelaf ass, éier et op der Géigespuer ugestouss gouf.

Wien eppes gesinn huet, soll sech beim Kommissariat vun Esch ënner der Nummer 244 50 1000 oder per Mail u police.esch@police.etat.lu schécken.

Och de CGDIS hat den Accident e Freideg de Moie gemellt. D'Rettungsekippe vun Esch waren um Asaz.