Ee Kand zu Esch an ee Cyclist a Clausen ugestouss a blesséiert
© Laurent Weber / RTL
D'Ekippe vum CGDIS goufen en Donneschdeg op dräi verschidden Accidenter mat jeeweils engem Blesséierte geruff. Zwee Mol gouf eng Persoun ugestouss.
Kuerz viru 17.30 Auer war de Samu-Noutdokter op Esch an d'Lëtzebuerger Strooss geruff ginn, nodeems hei e Kand vun engem Auto ugestouss a verwonnt gouf. Donieft waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vun Esch um Asaz.
A Clausen an der Allee Pierre de Mansfeld gouf gutt zwou Stonne méi spéit e Cyclist vun engem Auto ugestouss. De Blesséierte gouf vun de Rettungsdéngschter aus der Stad versuergt.
An der Iechternacher Strooss um Scheedgen war iwwerdeem géint 1.44 Auer en Auto an e Bam gerannt. Och hei gouf eng Persoun verletzt. D'Ambulanciere vun Iechternach an d'Pompjeeë vu Konsdref waren op der Plaz.
Géint 16.40 Auer am Nomëtteg gouf dann en Persoun blesséiert, wéi sech an der Rue Altrecht zu Keel zwee Autoen ze pake kruten. D'Ambulanciere vu Keel waren hei am Asaz.