Mandat d'arrêt an Drogen an der Täsch
Automobilist wollt sech zu Esch duerch d'Bascht maachen

Zu Esch an der Rue du Canal ass der Police an der Nuecht op e Mëttwoch ee verdächtegt Gefier opgefall.
Wéi de Chauffer du mat sengem Auto an der Rue Ferdinand Nothomb stoe bliwwen ass, wollten d'Beamten dëse kontrolléieren. Wéi d'Polizisten den Automobilist opgefuerdert hunn, de Motor vum Auto auszemaachen, huet dësen awer beschleunegt. Dobäi ass ee Beamte liicht um Bee blesséiert ginn. E puer Meter weider koum den Auto dunn awer zum Stoen an d'Leit, déi dra souzen, goufen immobiliséiert. Beim Chauffer goufe siwe Kugelen Heroin fonnt. Donieft gouf et géint hien e Fuerverbuet an e Mandat d'arrêt. De Parquet gouf informéiert.
Am meeschte gelies