Ënner anerem zu Wegdichen an der Gemeng Wolz gouf et bei engem Accident ee Blesséierten, ëm dee sech d'Wëlzer Rettungsekippen hu misse këmmeren.

En Auto war hei kuerz virun der Mëttesstonn an der Rue des vieilles tanneries accidentéiert.

Op der N11 tëschent Dummeldeng an Eech koum et um 13.26 Auer zu engem Accident, wéi hei en Auto géint eng Camionnette gerannt ass, och hei gouf et ee Blesséierten. D'Pompjeeën an de Samu aus der Stad waren am Asaz.

Am Nomëtteg, um 16.37 Auer, gouf dann nach e Passant an der Lëtzebuerger Strooss um Briddel ugestouss a blesséiert. Zwou Ambulanzen aus der Stad, d'Pompjeeë vu Koplescht an eng Ambulanz vu Mamer hunn hei mussen urécken.

RTL

D'Lëtzebuerger Strooss um Briddel war temporär gespaart, ass entretemps awer nees op / © Domingos Oliveira