Stater Gare
Mann wéinst Belästegung vu fréierer Nopesch festgeholl

En Donneschdeg de Moie gouf de Beamten am Garer Quartier an der Stad ee Mann gemellt, dee seng fréier Nopesch belästegt hat an dat net fir d'éischt.
Zanter enger Zäit wier hien ëmmer nees an een Appartementshaus am Garer Quartier gaangen an hätt seng fréier Nopesch do belästegt. Am Kader vun enger grouss ugeluechter Sich konnt de Verdächtegen dunn awer vun enger Policepatrull fonnt ginn. De Parquet huet seng Festnam ordonéiert an e gouf e Freideg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.
Am meeschte gelies