Schnéi a Glëtz an der Nuecht op e Sonndeg
Den annoncéierte Glëtz an der Nuecht op e Sonndeg ass den aktuelle Wiederprevisiounen no nach aktuell, wann och manner schro. Dobäi kënnt nach Schnéi.
Wéi Meteolux um Freideg de Moie mellt, sollen d'Temperaturen am Land e Sonndeg géint 7 Auer moies nees iwwerall iwwer 0 Grad leien. Deemno kéim dann no Schnéi a Glëtz nees Reen.
Dem Wiederradar vu Kachelmannwetter no géif an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg géint 1-2 Auer méi oder manner Schnéi erofkommen, dat bis ongeféier 3-4 Auer, éier et dann eriwwergeet op Glëtz. Dee géif da bis ongeféier 7-8 Auer unhalen. Duerno geet et dann nees iwwer a Reen.
Op eisem Wiederradar kënnt Dir d'Entwécklung vun de Previsioune stänneg am A behalen. Déi aktualiséiere sech reegelméisseg.