D’Uni Lëtzebuerg wäert de 14. Januar hiren éischte Miniatur-Satellit an den Orbit schéisse loossen.

Prioritäert Zil vun der Missioun ass et, d’Gréisst fir d'Technologie ze miniméieren

Néng Méint laang gouf am Laboratoire vun der Uni um klenge Satellit geschafft. Mat enger Gréisst vu fënnef Kubikzentimeter an 185 Gramm Gewiicht gehéiert en zu den Nano-Satellitten. Zu Gesiicht kritt een op der Uni awer just de Prototyp dovunner. Den Original ass schonn an d’USA, méi genee a Kalifornien op d’Vandenberg Air Force Base, geschéckt ginn. Hei wäert en an eng Falcon 9 Rakéit vu Space X agesat ginn, déi de 14. Januar soll starten.
 
"Eemol an der Ëmlafbunn, wäert d’Rakéit vill Satellitten ofsetzen", erkläert de Vittorio Franzese, Projetsleeder vun der Satellitte-Missioun. Mat engem Transport-Satellit wäert de Poquito da bannent enger Woch bis 14 Deeg op seng Plaz an der Ëmlafbunn bruecht ginn. Dës ass op 525 Kilometer an domat bei de "Low Earth Orbit Satellites".

60 Mol den Dag saust de klenge Satellit dann ëm d’Äerd. Dëst an enger rauer Géigend, mat Temperature vun tëscht Plus 100 a Minus 50 Grad. Well et keng Atmosphäre gëtt, ass de klengen Objet och permanent extreme Stralen ausgesat. Alles Ëmstänn, op déi de Satellit huet mussen am Virfeld hei op der Uni getest ginn. Dat zum Beispill an enger Vakuum-Klack, wou déi extrem Temperature simuléiert goufen oder an engem Apparat, an de, e Magnéitfeld kreéiert ginn ass.
 
Wann de Satellit dann Enn vum Mount ukënnt, geet seng Aarbecht lass. Ee vun den Experimenter vum "Poquito" ass et, d’Kommunikatioun tëscht engem Chipsat (engem Satellit an der Gréisst vun enger Kreditkaart) an engem Pocket Cube (engem Satellit an der Gréisst vun engem Rubik’s Cube) ze testen. "Dëst ass d’Zil vun der Demonstratioun, déi tëscht dëse béide Satellitte wäert sinn", erkläert de Vittorio Franzese. Genau geholl besteet de Miniatur-Satellit nämlech aus dësen zwee Satellitten, déi zwar uneneen, awer net mat Kabele verbonne sinn.
 
Bei dëser Kommunikatioun handelt et sech mat der optescher Kommunikatioun ëm eng speziell Zort. Hei gëtt nämlech Liicht amplaz vu Radiowellen genotzt, fir Daten ze transferéieren. "Et kann een zum Beispill esou vill méi Daten transferéieren. Oder et kann een déi selwecht Date mat manner Energie transferéieren", betount den Andreas Hein, Chef vum Space System Engineering Team. Dëst wier vu Virdeel fir bestëmmt Gebräicher.
 
Wann d’Mise en place vum Satellit geléngt, wäerten d’Datë bannt 3 Joer an engem klenge Kontrollraum um Campus ausgewäert ginn, éier de "Poquito" op natierlech Manéier zréck an d’Atmosphäre kënnt a vergloust.