En Donneschdeg de Moien respektiv am Nomëtteg sinn am Ganzen dräi Persoune bei Accidenter op eise Stroosse blesséiert ginn.

Um 11.07 Auer krute sech zu Beetebuerg an der Diddelenger Strooss zwee Autoen ze paken. D'Ambulanciere vu Beetebuerg hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert. Och d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

Kuerz viru Mëtteg gouf et dann e gréisseren Accident op der RN15 tëscht Bidscht an dem Schumannseck. Eng Persoun gouf hei blesséiert, wéi sech dräi Autoen ze pake kruten. Nieft der Ambulanz an de Pompjeeë vu Wolz, war hei och de Samu vun Ettelbréck am Asaz.

Schliisslech hu sech d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert, nodeems géint 15 Auer en Auto an der Route de Pétange zu Nidderkuer accidentéiert ass.