Luxembourg Fest am WisconsinMat Hämmelsmarsch, Träipen a Lëtzebuerger Béier

Philip Crowther
Raphaëlle Dickes
Aus allen Ecke vun den USA koume se de Weekend an de Bundesstaat Wisconsin, fir hir Lëtzebuergesch Originnen ze feieren. Kuliss ass d'Duerf "Belgium". Déi éischt Awunner am 19. Joerhonnert waren Immigranten aus der Belsch-Lëtzebuerger Géigend.
Luxembourg Fest am Wisconsin: Mat Hämmelsmarsch, Träipen a Lëtzebuerger Béier
Aus allen Ecke vun den USA koume se de Weekend an de Bundesstaat Wisconsin, fir hir Lëtzebuergesch Originnen ze feieren. Kuliss ass d'Duerf "Belgium".

Et gëtt Näischt méi Amerikanesches wéi eng Parad duerch d’Main Street. Mam Uncle Sam, de Kamelle fir d’Kanner, a mam typesche Patriotismus. Awer hei zu Belgium ginn och d’Lëtzebuerger Fändelen héich gehalen. Se hänken un de Gefierer, de Roude Léiw marschéiert souguer mat. An och de Luc Decker, Lëtzebuerger Generalkonsul zu New York fiert an engem Won mat.

“Et ass super, also et ass eng immens Erfarung, wann ee gesäit déi Leit, déi kommen aus ganz Amerika kommen, déi hunn iergendeng Connection mam Wisconsin. An alleguer hu se eng Connection zu Lëtzebuerg, et ass wierklech immens, fir mat deene Leit hei op där Parad deel ze huelen."

Um Enn waart natierlech e Grillfest – mat engem Träipen Eating Contest – a Lëtzebuerger Béier. De 94 Joer ale John Jentges ass ee vu wéinege Leit, déi nach Lëtzebuergesch schwätzen. Beim alleréischte Luxembourg Fest viru 40 Joer, do hunn nach vill méi Leit d’Sprooch geschwat, seet hien.

Déi meescht hunn ech begruewen. Et ass eng Schan, mee et ass, wéi d’Liewe geet. Mir hunn ëmmer Lëtzebuergesch mat mengem Papp geschwat. Meng Mamm war Däitsch. Ech hunn ëmmer Däitsch geschwat mat menger Mamm. Mir hu keen Englesch geschwat doheem. Dofir sinn ech esou domm wéi e Glatzkapp…”

Den Enthusiasmus fir Lëtzebuerg impressionéiert. “De Patrimoine ass hinnen immens wichteg. Si kennen hir Familljegeschicht, si kennen d’Dierfer zu Lëtzebuerg, wou hir Virfaren hierkommen, a si feieren dat alles. Et huet ee wierklech d’Gefill, datt si et um Liewe behale wëllen”, erkläert den Travis Gross vun der Luxembourg-American Cultural Society.

Back to Top
CIM LOGO