Satellit vun Uni.lu um Wee an den All, och Lancement vu Mound-Rover gelongen
An der Nuecht op e Mëttwoch waren an den USA direkt zwee Lancementer vu SpaceX, déi och fir de Weltraum-Secteur zu Lëtzebuerg grouss Bedeitung hunn.
Steet geschwënn e Rover, dee mat Hëllef vu Lëtzebuerg gebaut gouf, um Mound? Dat ass op d’mannst d’Zil vun der Missioun Firefly Blue Ghost 1 vun der amerikanescher Firma SpaceX. Nëmmen 11 Stonne virdrun ass den éischte Satellit vun der Uni Lëtzebuerg op Orbit bruecht ginn. E Mëttwoch de Moie war et dunn och um Mound-Rover.
Miniatur-Satellit Made in Luxembourg
Néng Méint gouf op der Uni Lëtzebuerg un engem Miniatur-Satellit geschafft. Zil ass et, Technologien ze verbesseren, dass d'Gréisst a virun allem d'Gewiicht vu Satellitte ka reduzéiert ginn. Duerch d'Schwéierkraaft ass all Reduktioun vum Gewiicht gutt fir de Portmonni vun Entreprisen, déi wëllen hir Technologien an d'Ëmlafbunn vun der Äerd kréien.
Wéi am Livestream vu SpaceX ze gesi war, ass de Lancement vun der Falcon-9-Rakéit en Dënschdeg den Owend gegléckt. Domat ass de Miniatur-Satellit vun der Uni.lu um Wee op seng Positioun am All.
Wat kann de "Poquito"?
Mound-Regolit sammelen duerch Technologie aus Lëtzebuerg
D'Missioun Richtung Mound start e puer Stonne méi spéit, dat um 7.11 Auer Lëtzebuerger Zäit, dat awer aus Florida. De Mound-Rover soll, wann e bis um Mound gelant ass, Regolit vum Mound ophuelen an dann ënnert anerem nees fir d'NASA zeréck op d'Äerd bréngen.

© AFP
Zil vun der Missioun ass et, ze weisen, dass och Privatentreprisen esou Missioune kënnen ëmsetzen. Lëtzebuerg hat als ee vun den éischte Länner op der Welt e gesetzleche Kader gesat, deen ënnert anerem reegelt, wiem Ressourcen aus dem All, déi zeréck op d'Äerd bruecht ginn, gehéieren.
Am Artikel "E Stéck Lëtzebuerg um Mound" kann ee wieder Detailer iwwer de Mound-Rover noliesen.
Lancementer goufen iwwer Twitter gestreamt
Béid Lancementer goufen iwwert den Twitter-Account vu SpaceX gestreamt. Ob d'Missiounen en Erfolleg ginn, gesäit een an den nächste Woche gewuer.
Bei Lancementer an den All kënnt et ëmmer nees vir, dass duerch d'Wiederbedingunge Missioune verréckelt ginn. SpaceX huet da bannent 24 Stonnen eng nei Zäitfënster.