De Micro-Rover gëtt hei am Land gebaut
Déi japanesch Entreprise ispace mat Büroen op der Gare huet e klenge Roboter entwéckelt, fir op de Mound ze schécken.
Lues rullt dee klenge Roboter duerch eng iwwerdimensionéiert Sandkëscht mat graffem Sand. Dës soll d’Mounduewerfläch rekonstruéieren. D’Maschinn, sou grouss wéi e Cageot Béier, ass e Prototyp vum Rover, dee villäicht schonn Ufank d’nächst Joer soll um Mound ronderëm fueren.
D'Zil vun der Missioun ass et, ze weisen, dass eng Privatentreprise kéint esou eng Maschinn entwéckelen. Se ass capabel bis zu 1 Kilo Charge mat erop op de Mound huelen an och Moundmaterial opzehuelen. Doriwwer eraus huet I-Space awer och Privatclienten.
"Ee Client wëll, dass mer en Equipement mathuelen, wat him gehéiert an dann eng Foto dovunner huelen", erzielt de Julien-Alexandre Lamamy, Generaldirekter vun I-Space. En anere Client wier dann d’NASA, déi wëll, dass ee Buedem vum Mound ophëlt. Dofir bezilt si 5.000 Dollar.

Ma et wier keng Fro vum Montant, dee si vun den diverse Partner kréien. I-Space géing et ëm de Roboter goen, dee mat 5 Kilo esou liicht an energiespuersam wéi méiglech soll sinn. Well e mat Sonnenenergie bedriwwe gëtt, dauert d’Missioun genee esoulaang, wéi een hallwen Dag um Mound. Dëst entsprécht 2 Äerddag-Wochen.
"Mir hu bis zu 14 Äerddeeg Zäit, wou mer Sonnestrale kréien. Wann et da bis an d’Nuecht era geet, da gëtt et esou kal, dass mer d'Nuecht net iwwerstinn", betount de Philippe Ludivig, Ingenieur a Robotics. An der Nuecht ginn et nämlech bis zu Minus 200 Grad um Mound. 14 Deeg huet een also Zäit, fir mam Roboter ze fueren. Packt de Roboter awer déi laang Mound-Nuecht, géing ee sech natierlech bei I-Space freeën, weiderfueren a weider Fotoe maachen. Wëll de Roboter dann net méi, gëtt e sech selwer iwwerlooss.
Fir d’éischt muss déi kleng Maschinn awer emol bis op de Mound kommen. Am August gëtt se fir d’éischt op Tokio geschéckt, wou si an eng japanesch Rakéit integréiert gëtt. Dono geet et weider a Florida, wou se vun enger Space-X Rakéit mat an de Weltall geholl gëtt.
"Normalerweis kann een an zwou Wochen op de Mound fléien, mee dat brauch enorm vill Energie", seet de Julien-Alexandre Lamamy. Dofir hätt ee sech fir déi ekologesch Méiglechkeet entscheet. Dëst géing da 4 Méint daueren.

D’Entreprise aus Japan, déi och an den USA baséiert ass, ass viru 7 Joer op Lëtzebuerg komm. De Wirtschaftsminister Lex Delles schwätzt vun engem Lëtzebuerger Ekosystem vum Space. "Et geet net drëm, dass de Lëtzebuerger Staat wëll de Mound besetzen, et geet hei ëm eng kommerziell Aktivitéit", seet de Lex Delles.
D’Visioun geet dann awer méi wäit. Um Mount wiere verschidde Materialien, aus deenen ee kann Hydrogène maachen. Sou kéint een zum Beispill méiglecherweis e Satellit nees opfëllen. De Generaldirekter vun I-Space denkt un eng Moundbasis fir d’Astronaute vun der Zukunft. Si kéinten dann d’Ressourcen notzen, déi schonn op der Plaz sinn.
De Lëtzebuerger Staat ënnerstëtzt Projete vun der Europäescher Weltraumorganisatioun ESA mat 60 bis 70 Milliounen Euro. De Lëtzebuerger Programm ass do de LuxImpulse, woumat a Projeten hei am Land investéiert gëtt. Déi ganz annuell Enveloppe läit hei tëscht 20 a 40 Milliounen Euro. De Projet vun I-Space gëtt mat 3,7 Milliounen ënnerstëtzt.

© Diana Hoffmann
Fir d'Firma schaffen 314 Leit, méi wéi 40 dovunner zu Lëtzebuerg. Et ass net den éischte Versuch vun der Entreprise, e Roboter op de Mount ze schécken. Beim leschten Essai am Abrëll zejoert war d’Verbindung bei der Landung ofgebrach.