De Philippe Schrantz gëtt Generaldirekter vun HUT
© RTL/HUT
D'Nofollger-Organisatioun vun der Caritas, Hëllef um Terrain, kuerz HUT, huet e Generaldirekter.
De Philippe Schrantz, de fréieren Generaldirekter vun der Police, gëtt Generaldirekter vun HUT. Den 1. Mäerz soll hien offiziell ufänke mat schaffen.
Him zur Säit wäert d'Erica Monfardini als Finanzdirektesch a Responsabel fir administrativ Tâche stoen. Esou heescht et an engem Communiqué vun HUT e Méindeg.
Den 23. Mee zejoert hat de Philippe Schrantz seng Funktiounen als Policedirekter un de Pascal Peters weiderginn, fir an d'Pensioun ze goen. Ier hien am Mäerz 2015 Chef vun der Police gouf, war hien Direkter bei de Ressources humaines vun den CFL.
De Verwaltungsrot seet sech an deem Schreiwes dovun iwwerzeegt, dass sech Hëllef um Terrain mam Philippe Schrantz un der Spëtzt am soziale Beräich zu Lëtzebuerg fest verankere kann.
© HUT