
Dorënner waren zwee Autoen an ee Won vu Ponts et Chaussées, deen d’Strooss ofgeséchert hat. Ee vun den zwee Autoen, deen den Accident soll verursaacht hunn, huet sech doropshin duerch d’Bascht gemaach.
D’Police sicht elo no méiglechen Zeien, déi den Auto kéinte gesinn hunn. Beim Fluchtauto soll et sech ëm ee Gefier vun der Mark JEEP mat lëtzebuergescher Plack an däischterer Faarf handelen.
De Chauffer a weider Persounen, déi den Accident gesinn oder weider Informatiounen hunn, si gebiede sech bei der Police ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 175 200 oder per E-Mail un upr.sia@police.etat.lu ze mellen.
Am Policebulletin goufen donieft zwee Abréch um Méindeg gemellt. An der Avenue de la Liberté an der Stad hat sech kuerz virun Hallefnuecht den Täter Zougang zu engem Auto verschaaft an ënner anerem ee Rucksak geklaut. Ee weideren Abroch an en Auto gouf et dann nach an der selwechter Nuecht an der Avenue Porte Neuve an der Stad. Hei koum ee Materialschued zestanen, geklaut gouf allerdéngs näischt.