Op d'mannst een Dokter soll Diabetes-Medikament Ozempic abusiv verschriwwen hunn

© AFP
D'Medikament géint Diabetes gëtt och geholl, fir ofzehuelen, a genee dat féiert ënner anerem an Europa zu Enkpäss vun deem Medikament.
Trotz datt d’Diabetes-Medikament Ozempic nach knapps an Apdikten disponibel ass, schéngt et weider verschriwwen ze ginn. A Fäll souguer abusiv.
Et gëtt op d'mannst een Dokter, deen dëst net justifiéiert gemaach huet, sou datt dee Fall bei d'Iwwerwaachungskommissioun vun der CNS koum, wëll d'Prise en charge vum Medikament net berechtegt war. Och de Collège médical gouf vum Dossier an dem implizéierten Dokter informéiert.
Konform zu den aktuelle Reegelen dierf Ozempic exklusiv un Diabetes-Patiente verschriwwe
ginn, déi vum Typ 2 betraff sinn. Doktere sinn also gehalen, z’iwwerpréiwen, datt Patienten, déi bei si
kommen, och effektiv den Diabetes Typ 2 hunn. Dëst schéngt wéi gesot op d'mannst ee Medezinner net esou eescht geholl ze hunn.
De Wierkstoff Semaglutid aus Ozempic bewierkt och eng Gewiichtsreduktioun, sou datt d'Mëttel och vu Leit geholl gëtt, déi wëllen ofhuelen.