
Et ass nees den Alldag bei ville Leit an natierlech och Famillen. D’Grippesaison ass definitiv voll am Gaangen. Dëst confirméieren och déi grouss Laboen zu Lëtzebuerg.
Ënnert anerem Bionext. Den Direkter vu Bionext Jean-Luc Dourson confirméiert eis op Nofro hin, dass et effektiv a leschter Zäit eng staark Augmentatioun vun Infektiounen am Verglach zu anere Méint am Joer géif, eppes dat een och observéiere géif. Hei handelt et sech Bionext no virun allem ëm Infektioune vun den Otemweeër.
Dësen Trend bestätegt och den LNS (Laboratoire National De Santé). Wéi eis de den Dr Thomas Dentzer erkläert, géife virun allem déi sougenannten “Influenza A-Viren d’Iwwerhand am Moment iwwerhuelen”. Duerch déi kal an dréchen Temperaturen, géif d’Schläimhaut méi dréchen an domadder d’Patiente méi ufälleg fir Infektioune bei den Otemweeër sinn. Dëst wier awer ganz kloer am Trend vun de Jore virdrun, och wann an de Joren direkt no Covid d’Leit souguer nach méi virsiichteg a méi séier beim Dokter waren a sech getest hunn.

Bionext huet an engem detailléierten Tableau matgedeelt, dass bal 40% vun den Tester bei Kanner ënner 11 Joer den Influenza-Virus A am Januar detektéiert hunn. Bei eppes iwwer 17% ass et de Grippe-Virus B. Zesumme maachen dat iwwer 57% vun all den Tester aus. Och de VRS (virus respiratoire syncitial) ass mat bal 10% an dëser Alterskategorie vergläichsweis staark vertrueden.
An den Alterskategorien driwwer (bis 18 Joer) maache béid Influenza-Typen (A a B) och ëmmer ëm 60% vun de Tester aus, woubäi hei awer den Typ B méi present ass. Geet een an d’Kategorien iwwer 18 Joer erkennt ee séier, dass d’Grippe-Infektioune generell liicht erofginn, och wann se nach ëmmer present sinn. Covid-19 Infektioune spille praktesch a kenger Alterskategorie nach eng wichteg Roll.

Dass d’Kannerdokteren an Pediatrien den Ament vill kleng Patienten hunn, wéist de Versuch, op engem Dënschdeg un een ze komme fir en Interview. Et war eng Saach vun der Onméiglechkeet, den Ament hunn eng Rei Praxisse souguer bis owes 21 Auer op, fir all d’Kanner ënnerzekréien.
Och wann ee keng zentraliséiert Statistiken iwwert d’Motiver vun den Absencen hätt, géif d’Erfarung awer kloer weisen, dass “den Taux d’absence an der Schoul – wéi an den anere Secteuren och – natierlech a Korrelatioun mat Krankheetswelle verleeft, wéi z.B. der aktueller Grippewell”, sou de Educatiounsministère op eis Nofro hin.
Hei géif natierlech d’Gesondheet an d’Sécherheet vum Kand virgoen. Wann et fërderlech ass, fir dass d’Kand gesond gëtt, respektiv wann et souguer wesentlech ass, dass d’Kand heivir doheem bleift, soll et och doheem bleiwen an net an d’Schoul kommen, präziséiert de Ministère. Dëst natierlech besonnesch am Fall vu Féiwer, respektiv bei ustiechende Krankheeten, wéi am Moment d’Viren, déi sech an den Otemweeër festsetzen.
Bei Zweiwel sollen Elteren en Avis bei hirem Kannerdokter anhuelen. Wann d’Kand schonn an der Schoul ass, kann d’Léierpersonal e Kand, dat sech net gutt fillt, heemgoen loossen, “dat ënnert der Konditioun, datt d’Elteren informéiert gi sinn a mat hinnen ofgeschwat ginn ass, vu wiem d’Kand an der Schoul ofgeholl gëtt”, sou d’Präzisioun.

Egal wéi muss d’Schoul all Absence vun engem Schüler direkt den éischten Dag matgedeelt kréien, onofhängeg dovunner, wéi laang e Kand am Endeffekt doheem bleift. Bannent 3 Deeg mussen d’Elteren och eng geschriwwen Notifikatioun (op Pabeier oder elektronesch) ofginn. Fir Absencen, déi méi wéi 3 Deeg daueren, muss spéitstens um 4. Dag e Certificat médical agereecht ginn.