Eng Woch virum ESCD'Eva Marija prouft schonn zu Wien

RTL Lëtzebuerg
An enger Woch ass d'Finall vum ESC. D'Lëtzebuerger Kandidatin Eva Marija ass schonn zu Wien a prouft fir hiren Optrëtt an den Halleffinallen.
D'Eva Marija bei den éischte Prouwen zu Wien
D'Eva Marija bei den éischte Prouwen zu Wien
© EBU / Alma Bengtsson

Wann alles gutt geet, trëtt d'Eva Marija e Samschdeg an enger Woch an der Finall vum Eurovision Song Contest fir Lëtzebuerg op. D'Delegatioun ass an Éisträich ukomm a schonn heescht et fir d'Kënschtlerin, sech mat dem neien Ëmfeld vertraut ze maachen. D'Eva Marija huet déi éischt Prouwen hannert sech.

Offizielle Lancement:

E Sonndeg de Mëtteg gëtt den ESC offiziell lancéiert. Et ass all Joer de groussen Optakt vum Eurovision Song Contest – den "Turquoise Carpet". Et ass hei, wou all Natioun sech virun der internationaler Press weist an déi eenzel Sängerinnen a Sänger Honnerte vun Interviewe ginn.

D'Opening Ceremony vum Turquoise Carpet gesitt Dir dëse Sonndeg vu 16:55 Auer u live op RTL Play an RTL.lu

D'Halleffinallen:

En Dënschdeg wäerten déi éischt Halleffinalle sinn. Op RTL Tëlee Lëtzebuerg melle mir eis no 19 Auer am Magazin scho live vu Wien. Um 21 Auer ass et dann d'Iwwerdroung vun der éischter Halleffinall, déi vum Raoul Roos a vum Roger Saurfeld kommentéiert gëtt.

En Donneschdeg wäert de Radio vun 10 bis 14 Auer live vu Wien senden. Owes vun 21 Auer iwwerdroe mir dann och um Radio déi zweet ESC-Halleffinall, an där eis Kandidatin Eva Marija fir Lëtzebuerg wäert optrieden.

Op RTL Tëlee Lëtzebuerg ass no 19 Auer am Magazin eng Live-Iwwerdroung vu Wien geplangt an nom Journal leeft um 20 Auer en Documentaire iwwer den LSC, éiert mir um 21 Auer déi zweet Halleffinall vum ESC iwwerdroen.

D'Finall:

E Samschdeg den Owend geet et um 19:55 Auer lass mat der Meteo, déi Iech vum Laura Thorn presentéiert gëtt. Um 20 Auer ass et den ESC Warm-up live aus der Stadthalle vu Wien, éiert um 21 Auer déi grouss Finall vum ESC wäert ufänken. Hoffentlech mam Eva Marija fir Lëtzebuerg!

Hei op RTL.lu wäert Dir natierlech bei alle wichtegen ESC-Evenementer via Livestream kënnen dobäi sinn.

Back to Top
CIM LOGO