No véier Joer un der SpëtztAGORA an hire Generaldirekter François Dorland gi getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
Bei der Entwécklungs-Gesellschaft fir de Belval (AGORA) kënnt et un der Spëtzt zu engem Wiessel.
© Didier Weber / RTL (Archiv)

D’Entwécklungs-Gesellschaft fir de Belval AGORA an hire Generaldirekter François Dorland gi getrennte Weeër. Dat mellt d’Tageblatt e Samschdeg a berifft sech op de Verwaltungsrot. D’Decisioun wier d’un commun accord geholl ginn, heescht et do. D’Zeitung rapportéiert awer och e Klima wat wéi et heescht ugespaant war.

De 57 Joer ale Fransous François Dorland stoung véier Joer laang un der Spëtzt vun AGORA. D’Gesellschaft gehéiert zur Hallschent ArcelorMittal an zur Hallschent dem Staat.

Back to Top
CIM LOGO