
Deemno louchen d’Recettë vum Zentralstaat do bei 28,4 Milliarden Euro. E Plus vun knapp 13 Prozent am Joresverglach.
D’Steieramt eleng huet 1,9 Milliarde méi ageholl op Recettë vun 14,5 Milliarden.
Den Enregistrement verbucht e Plus vun iwwer 11 Prozent op 7,8 Milliarden. Och d’Depensë vum Staat bleiwen awer héich, mä um Enn steet op de Joreswiessel e provisoreschen Excedent vun 317 Milliounen zu Buch. E Joer virdrun war et nach e Minus vun iwwert enger hallwer Milliard.
Och wann d’Kalkulatioune fir d’Depensen 2024 nach net ofgeschloss sinn, rechent de Minister Gilles Roth elo scho mat engem Defizit vun ëm 300 Milliounen Euro beim Zentralstaat.