Um DënschdegowendEng Partie Abréch respektiv Abrochversich uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet um Dënschdegowend e puer Mol wéinst Abréch missen ausrécken.

Ënner anerem gouf zu Heischent an en Haus an der Doerfstrooss agebrach. D’Brigangen haten hei e puer Zëmmer duerchsicht, éier si sech mat enger Partie geklaute Saachen duerch d’Bascht gemaach hunn.

Iwwerdeems haten Onbekannter versicht, an en Haus zu Mäertert anzebriechen. Nodeems hinnen dat net gelongen ass, hu si probéiert en Auto opzebriechen, dee virun der Dier geparkt war. Dobäi hu si allerdéngs den Alarm ausgeléist, sou dass si schliisslech geflücht sinn.

A béide Fäll huet d’Police eng Enquête an d’Weeër geleet.

Schliisslech krut d’Police e Mann gemellt, deen an der Rue Michel Lentz zu Beetebuerg un den Diere vun Autoe géif fréckelen. Eng Patrull vun der Police ass op d’Plaz gefuer a konnt de Verdächtegen identifizéieren. Dësen hat eng Partie geklaute Saache bei sech. Op Uerder vum Parquet gouf e Rapport geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO