
Dat huet d’Sozialministesch Martine Deprez um Mëttwochmoien an der zoustänneger Chamberkommissioun matgedeelt. Vill weider Detailer goufen d’Deputéiert allerdéngs net gewuer.
Op wéi eng Pist d’Regierung wëll goen, fir de Pensiounssystem op de Leescht ze huelen, ass also nach ëmmer net gewosst. Engersäits wier schonn dovu geschwat ginn, den zweeten an drëtte Pilier ze stäerken, also d’Betribsrenten an d’Zousazversécherungen. Anerersäits hätt de Premier jo awer och vum Cappuccino-Modell geschwat, kritiséiert den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo:
“E bëssen Espresso mat vill Schaum. An den Espresso, dat ass d’Grondversuergung. An de Schaum, dee soll ee sech verdéngen iwwert privat Versécherungen. De Kuddelmuddel, deen aus eenzele Positiounen erauskënnt, deen déngt deem do Debat net. Besonnesch dann net, wann een no bausse virgëtt, et ass een oppen an et lauschtert een no, an da mécht ee sech eng Meenung. Hei huet een eng Meenung, mee et wëll ee se net soen, well ee gesinn huet, dass dat, wat ee wëll, zu vill Streech féiert.”
Och vum Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk gouf et Kritik:
“Dat Eenzegt positiivt, wat haut geschitt ass, ass dass mer den Optrag kruten, kënne Froen z’entwéckelen un d’IGSS, déi mer dann och virun der Debatt solle beäntwert kréien. Fir de Rescht kann ee just de Constat vum Kuddelmuddel bestätegen. Et ass näischt kloer, am Géigendeel. Déi eenzeg bësse positiv Avance, déi gemaach ginn ass, war, wou iwwert d’Mindestpensioun geschwat ginn ass. Dat ass elo zeréckgeholl ginn. Et ass gesot ginn, d’Mindestpensioun wier kee gëeegent Mëttel, fir géint Altersaarmut virzegoen.”
Et géing ee just stéckelchersweis Informatiounen an der Kommissioun kréien, kritiséiert och Djuna Bernard vun déi Gréng:
“Mir schwätzen u sech iwwert eng vun de wichtegste Froen, grad fir déi nächst Generatioun. An zwar, ob si nach eng Pensioun kréien, wéi vill déi wäert sinn a wéi déi wäerte berechent ginn, mee et muss ee wierklech hei quasi d’Informatiounen aus der Nues zéien an dat ass awer bedauerlech.”
De Pirat Sven Clement nuancéiert:
“Haut si mir nach keng Positioun vun der Regierung gewuer ginn. Mir schwätzen nach ëmmer am Schwaarzen a stocheren do ronderëm. Wat mer haut ugeschwat hunn, ass wéi eng Donnéeë mir nach als Deputéierte brauchen, fir den Debat ze preparéieren. Do sinn ech awer frou, dass d’Ministesch eis versprach huet, dass mer virum Debat awer nach all déi Donnéeë solle kréien.”
Eng weider Nouvelle de Moie war dann, dass op Demande vun der DP am Mäerz net just wäert iwwer de privaten Pensiounssystem geschwat ginn, ma och iwwer den Ëffentlechen.
De President vun der zoustänneger Chamberkommissioun an CSV-Fraktiounschef Marc Spautz:
“Ech sinn ëmmer iwwerrascht, wann ech dat Wuert héieren: ‘Kuddelmuddel’. Wann eppes direkt decidéiert gëtt an et wär eng Pist virgeschriwwe ginn, da kréie mer virgeworf, mir géifen net virdru consultéieren. Ech mengen egal a wat fir eng Richtung een et hei mécht, wäert dat ëmmer vun der Oppositioun kritiséiert ginn. Ech hunn dat haut de Moie ganz gutt fonnt. Jidderee konnt seng Froe stellen. D’Ministesch huet déi Äntwerte ginn, déi se konnt. Si huet gläichzäiteg dofir gesuergt, dass bis de 26. Februar wäerten Zuele [vun der IGSS] virleien.”
Och den DP-Deputéierte Gérard Schockmel wiert sech géint d’Duerstellung vun der Oppositioun:
“Natierlech ass jidderee gespaant, fir ze wëssen, wat d’Regierung wäert decidéieren. Ech gehéieren jo zu enger vun de Regierungsparteien an ech weess et och net. D’Regierung ka sech jo nëmmen da festleeën, wann iwwerhaapt mol déi zwou Parteien - op Ministerniveau oder op Niveau vun den Deputéierten - zu engem gemeinsamen Schema komm sinn. An déi Gespréicher hu mol nach net ugefaangen. Dat heescht, d’Regierung huet sech net festgeluecht a ka sech net festgeluecht hunn. Vun engem Kuddelmuddel ze schwätzen oder ze soen, d’Saache si schonn am Virfeld decidéiert, ier et iwwerhaapt lass geet, schéngt mer wierklech net ubruecht.”

RTL-News (24.1.25): Geréiert d’Rentereserv: Sicav vum Kompensatiounsfong mécht nees gudde Rendement
RTL-News (14.1.25): RTL-Interview mat der Martine Deprez: “Konsens bei de Pensiounen ass méiglech”
RTL-News (10.1.25): Pensiounsdebatt geet an déi zweet Phas: Bierger interesséiert Gerechtegkeet, Nohaltegkeet an Upassungsfäegkeet