Eppes gëtt bei de Pensiounen an dëser Legislatur gemaach. Ob een dat elo Reform kann nennen, wäert sech weisen. An d’Ministesch Martine Deprez ass zouversiichtlech.
Iwwer 2.000 Beiträg vun de Leit koumen iwwer d’Plattform schwätzmat.lu eran. Déi Aussoe ware ganz konstruktiv, freet sech d’Ministesch. D’Leit wëllen e gerechten, nohaltegen a flexibele Rentesystem, kéint een ënnert dem Stréch festhalen. An op deenen 3 Stéchwierder – Gerechtegkeet, Nohaltegkeet a Flexibilitéit - soll weider diskutéiert ginn.
D’Populatioun däerf och weider matschwätzen. Et ginn an der zweeter Phas Experteronnen, eng Consultatiounsdebatt an der Chamber a “virum Summer” soll et méi Konkretes ginn, ob a wat bei de Pensioune gemaach gëtt.
Haaptuleies vun der Ministesch ass, datt d’Pensiounen och an Zukunft ze finanzéiere sinn. An do géif een haut gesinn (anescht wéi 2012), datt an den nächste Joren de System warscheinlech an d’Laberente kënnt. D’Martine Deprez hält sech weider zréck, wat méiglech Piste vun enger Reform kéinte sinn. Si wéilt der Regierung och net virgräifen. Et kéint een zum Beispill d’Majoration forfaitaire weider denken, iwwer d’Minimalpensioun schwätzen oder iwwer zousätzlech Recetten.
D’Gesondheets- a Sozialministesch huet och nach emol berouegt: Déi, déi elo an der Pensioun sinn oder kuerz virdrun, deenen “hire Liewensplanning soll net op d’Kopp gehäit ginn”, fir si wäert sech also näischt änneren.