Doriwwer ass awer net jidderee frou. Ënner anerem aus der Lëtzebuerger Landwirtschaft an dem Wäibau kënnt Kritik.
Mam Mercosur-Ofkommes wëll d’EU hir wirtschaftlech Positioun stäerken, ënnert anerem falen Douane-Fraisen ewech, Exportméiglechkeete ginn erweidert an d’EU kritt Zougang op een neie Maart vun iwwer 260 Millioune Verbraucher. De Commerce soll ugekierpt ginn.
Esou einfach wier dat ganzt awer net, erkläert den André Mehlen, Generaldirekter vun Domaines Vinsmoselle:
“Ech mengen, mir hunn nach Kapazitéite fir Cremant ze maachen, mee fir elo ze soen, dass mer domadder a Südamerika ginn, ass relativ einfach geduecht. Et muss een e Marché opbauen, dofir muss een e Bekanntheetsgrad hunn. Et muss ee Suen an de Marché investéieren. Et huet een eng Konkurrenz dohanne sur place, wéi Chile, Argentinien a Brasilien. Dat heescht, fir elo einfach dohin ze goen, ass net esou einfach, mee mir wieren dobäi, wann et géif klappen.”
Beim Rëndsfleesch géif een awer de gréissten Impakt spieren. Am leschte Joer ass d’Produktioun vu Rëndsfleesch réckleefeg ginn, vill Bauere schreiwe rout Zuelen, weess de Christian Wester, President vun der Centrale Paysanne:
“Et ass einfach den Drock vun engem globale Player dee kënnt, wou och komplett aner Konditioune sinn, wärend mir hei Ëmweltstandarden, Sozialstandarden an Déierewuelstandarden hunn, wou mer net kënne garantéieren, dass dat dohannen zu 100% esou ëmgesat gëtt, wéi mir se anhale mussen. Et ass dat, wat eis wierklech Suerge mécht. Mir kréien ëmmer méi Reegelen opgesat an da gi mer awer op der anerer Säit d’Dier opmaache fir Rëndsfleesch aus Drëttstaaten. Dat ass bedenklech fir eis.”
Importer sinn dacks méi bëlleg an europäesch Baueren hu méi Produktiounskäschten duerch ëmmer méi streng Reegele fir de Klimaschutz an d’Déierewuel. Duerch de Präisënnerscheed wier de Lëtzebuerger Bauer manner konkurrenzfäeg. Dat ass frustréierend fir regional Baueren, déi versiche matzehalen. Et géif ee sech vergiess fillen:
“Wann een elo Schach spillt, da si mir sou wéi d’Bauerenaffer fir dat global Ganzt um Lafen ze halen. Mir brauchen awer d’Baueren, ech mengen et ass ee strategesch wichtege Secteur. Mir hu bei der Pandemie gesinn, wat geschitt wa mer wichteg Produktiounen aus Europa auslageren. An der Liewensmëttelproduktioun si mer am Moment nach an der Situatioun, dass mer awer nach e ganze Koup an Europa selwer kënne produzéieren an et wier schued, wann dat fir wirtschaftlech Interesse géing geaffert ginn a mir enges Daags op Liewensmëttelimporter ugewise wieren, fir eis Leit sat ze kréien.”
Elo hofft d’Bauerenzentral dorop, hir Suergen op héijem politeschem Niveau kënne virzedroen an eng Léisung ze fannen, fir d’europäesch Landwirtschaft um Liewen ze halen.