CGDIS5 Blesséierter no Accidenter, 2 Leit mat liichter Dampvergëftung no Kichebrand

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS insgesamt 5 Incidenter mat insgesamt 7 Blesséierten am Laf vun e Mëttwoch.

Am Virmëtteg, géint 11.28 Auer war an der Rue de Mersch an der Fiels eng Kichen a Brand geroden, wouduerch zwou Persoune liicht Dampvergëftungen dovugedroen haten. D’Rettungsekippen aus der Fiels, vu Fëschbech, Konsdref an Ettelbréck waren hei am Asaz.

Um 12.43 Auer gouf et dann en Accident an der Areler Strooss zu Stroossen. Hei ass eng Persoun blesséiert ginn, nodeems zwee Autoen aneneegerannt waren. D’Secouriste vu Bartreng a Mamer waren am Asaz.

E weideren Accident mat engem Blesséierte gouf et kuerz viru 14 Auer um CR301A tëschent dem Houschter Potto an Nojem, wou en Auto op der Kopp louch. Dee selwechten Zenario gouf et um 15.28 Auer an der Rue de Moutfort zu Conter, och hei mat engem Blesséierten. Um CR301A waren d’Secouriste vu Réiden op der Plaz, zu Conter waren et d’Ekippe vu Réimech, Mutfert, Hesper an der Stad.

Kuerz duerno, um 15.36 Auer, gouf et um CR116 tëschent Schandel an Useldeng eng Frontalkollisioun mat zwee Gefierer, bei där zwou Persoune blesséiert goufen. Nieft de Rettungsekippe vu Mamer, der Nordstad, Useldeng a Réiden, war och en Helikopter vun der Air Rescue am Asaz.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO