Propose géint eidel Wunnengen a CommercenStater LSAP: "Eis Stad gëtt ëmmer méi dout"

Claudia Kollwelter
Et misst onbedéngt eppes ënnerholl ginn, fir rëm Liewen an d'Haaptstad ze bréngen an dat a punkto Logement a Commerce.

“Et feelt un enger koherenter Visioun a konkretem Wëssen iwwert d’Situatioun um Terrain”, esou d’Kritik vun de Stater Sozialisten a Punkto Commerce a Logement an der Stad Lëtzebuerg. D’LSAP hat en Donneschdeg de Moien op eng Pressekonferenz invitéiert, fir hir Strategien géint de Leerstand ze presentéieren.

De Stadzentrum géif zwar no bausse schéin a schick wierken, säi Kär wier awer verfault, well de Leerstand klëmmt an den Eenzelhandel verluer geet. Esou huet et d’Maxime Miltgen vun der LSAP d’Situatioun an der Stad Lëtzebuerg beschriwwen. D’DP-CSV-Majoritéit hätt an den Ae vum Gabriel Boisante net genuch Anung iwwert d’Realitéit vun de Commerçanten:

“Wéi soll eng Administratiounspolitik, déi ni huet missten denken ewéi e Commerçant, déi ni huet misste verstoen, wéi et fonctionéiert, ni misste sech Gedanke maachen, wat sinn d’Enjeue vum Alldag ze kämpfe fir säi Commerce, fir säin Ëmsaz, fir säin Employé, wéi soll déi Majoritéit dat verstoen?”

Nieft vill Kritik goufen et awer och kloer Léisungsvirschléi vun de Stater Sozialisten. Zum Beispill datt ee bei den Immobilien, déi der Stad selwer gehéieren, d’Loyeren erofsetzt:

“Wa mir mat méi nidderege Loyer kommen, wa mir en Haaptacteur an der Gemeng Lëtzebuerg ginn, da si mir keng Concurrence deloyal, mir sinn en Impaktfacteur, fir d’Loyeren erofzesetzen, fir Loyer erofzedrécken, esou dass déi aner Commerçanten en direkten oder indirekte Benefice kréie vun dëser Politik.”

D’Stad misst méi jonk, méi dynamesch a lieweg ginn. Dat wier méiglech duerch eng Mëschung vu Logement, Aarbecht, Commerce, Gastronomie, Kultur a Sport. Ma och den ëffentleche Raum misst méi kënne vun de Commerçanten an och Restaurateuren a Cafetiere genotzt ginn. Eng kloer Mesure, déi misst ëmgesat ginn, wier d’Leerstandsteier. D’Maxime Miltgen:

“Dat misst och guer net méi esou problematesch sinn, well déi selwecht Memberen, déi an eisem Schäfferot sinn, si jo och d’Membere vun der Chamber, vun der aktueller Regierung an déi kéinte wierklech déi Regierung dohinner drécken, eng Leerstandssteier op de Wee ze bréngen an deementspriechend och an der Stad de Leerstand ze bekämpfen.”

An dat géif kloer och fir de Logement gëllen. D’Stater LSAP fuerdert am Kontext vun der Logementskris ënnert anerem, datt d’Stad Lëtzebuerg e Kadaster opstellt mat de Wunnengen, déi eidel stinn an därer och opkeeft a renovéiert.

LSAP-Propose géint Wunnengen, déi eidel stinn
LSAP-Propose fir e méi attraktive Commerce

Hei de Link zum Pressecommuniqué mat konkreete Proposen.

Back to Top
CIM LOGO